D'Windsor Schlass (engl. Windsor Castle) ass zesummen mam Buckingham Palace zu London an dem Holyrood Palace zu Edinburgh eng vun den offizielle Residenze vum Briteschen Kinnekshaus. D’Schlass läit zu Windsor, am Dall vun der Themse am Westen vu London.
D'Queen Elizabeth II verbréngt vill vun hire Weekenden an dësem
Schlass a benotzt et gläichzäiteg zu privaten an offiziellen
Zwecken.
Seng Geschicht geet zeréck op de William den Eruewerer (William
the Conqueror). Windsor Castle huet de Privileeg, dat eelst a
gréisst bewunnte Schlass op der Welt ze sinn.
Déi meescht englesch Kinneken an Kinniginnen hunn zur Konstruktioun an dem Ausbau vum Schlass bäigedroen. Et hat am Laf vu der Zäit all Funkiounen, déi vun enger Garnisoun, enger Festung, enger Wunnéng, engem offiziellen Palais, an munnechmol och déi vun engem Prisong.
Am Laf vu senger dausendjäreger Geschicht huet sech am Schlass villes verännert, opgrond vun de verschiddene Besoinën, Wënsch a finanzielle Mëttelen vun de sukzessiven Schlasshären. D'Schlass huet haut z. B. säi Schwéierpunkt op dem opgeworfenen Hiwwel ("A" um Plang), do wou de William den Eruewerer säin éischt Schlass aus Holz gebaut hat.
Den 20. November 1992 ass am Windsor Schlass e Feier ausgebrach, dat 15 Stonnen gedauert a vill Schued gemeet huet. Fennef Joer laang ass do geschafft a retauréiert ginn, fir den Haaptschued ze behiewen. An de Joren dono huet d'Kinniginn d'Schlass ëmmer méi fir offiziell a privat Zwecke benotzt.
D'Schlass ass fir Besichtegungen op an zitt als grouss Attractioun Joer fir Joer vill Touristen un.