Saint-Germain-des-Prés ass déi fréier Abteikierch vum Klouschter Saint-Germain-des-Prés um Boulevard Saint-Germain, am 6. Arrondissement zu Paräis.
D'Kierch erënnert dodrun, datt de fränkesche Kinnek Childebert I. aus dem Geschlecht vun de Merowenger, e Jong vum Clovis I. hei am Joer 557 eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut.
De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem 11. Joerhonnert, de Chouer gouf am Joer 1163 vum Poopst Alexander II. ageweit. De Bau gouf bis zum 17. Joerhonnert e puermol ëmgebaut.
D'Wandmolereien um Kiercheschëff goufen am 19. Joerhonnert vum Hippolyte Flandrin geschaf.