D'Insel Alcatraz läit matten an der Bucht vu San Francisco, Kalifornien an den USA. Si ass bis zu 41 m héich a 85.000 m² grouss. Op hir stoung fréier e befestegten Fort, uderno gouf e Prisong mat dem héchsten Sécherheetsgrad drop gebaut.
Alcatraz steet ënnert der Opsicht vum US National Park Service. De fréiere Prisong kann haut besicht ginn a zitt vill Touristen un.
Op der Insel steet och den eelsten Liichttuerm vu der US-amerikanescher Westküst.