Alta Badia ass e Gebitt am Süde vum Val Badia an den Dolomiten a Südtiroul an Italien, zu deem d'Gemenge Corvara, Badia an La Valle gehéieren.
D'Awunner sinn haaptsächlech Ladiner, déi och gréisstendeels Ladinesch schwätzen. Alta Badia ass besonnesch als Wantersportgebitt bekannt. Op der Piste Gran Risa gi regelméisseg Kompetitiounen vun der alpiner Schiweltcoupe ausgedroen.