Den Arches-Nationalpark ass en Nationalpark an de Vereenegte Staaten, no bei Moab am Oste vum Bundesstaat Utah. En huet säin Numm dohier ("arch" = "Bou"), well do méi wéi 2000 Béi aus Sandstee stinn, déi duerch Erosioun entstane sinn an déi wéi natierlech Brécken an der Landschaft sinn. De Park gouf 1929 etabléiert a steet ënner der Opsiicht vum National Park Service.
Bekannt "Béi" sinn dLandscape Arch, Double Arch, Double O Arch an dDelicate Arch. Nimm vu bemierkenswäerte Fielsforme sinn ë. a. Courthouse Towers, Windows Section, Delicate Arch, Fiery Furnace, Devils Garden a Klondike Bluffs.
D'Temperature schwanken zolidd; am Wanter kann et do schneien an am Summer bis iwwer 40 °C waarm ginn.
' – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Koordinaten: