Baikonur

Baikonur (Kasachesch: Baıqońyr), bis 1995 Leninsk ass eng Stad am südleche Kasachstan, ongeféier 200 Kilometer ëstlech vum Aralséi um Nordufer vum Floss Syrdarja. Iwwerregional bekannt ass d'Stad virun allem fir säi Kosmodrom, vun deem aus zanter iwwer 50 Joer sowjetesch resp. russesch Weltraummissioune gestart ginn. D'Stad gëtt zanter Enn 1994 vu Russland gepacht a steet ënner russescher Administratioun.

Déi geographesch Koordinate vum Stadzentrum sinn 45° 38′ N, 63° 19′ O. 20 km nërdlech vun der Stad ass déi gréisst russesch Weltraumgare, de Kosmodrom Baikonur (kasach. Baıqońyr ǵarysh aılaǵy; russ. Космодром Байконур/Kosmodrom Baikonur).

D'Stad Baikonur ass en eegestännegen Distrikt vum Kasachstan.

Geschicht

1955 hat d'Sowjetunioun bei der klenger Uertschaft Tjuratam ugefaangen, en Testgebitt fir hir éischt Interkontinentalrakéiten ze bauen. Tjuratam louch fir deen Zweck verkéiersgënschteg um Ufer vum Floss Syrdarja, a laanscht d'Eisebunnstreck Moskau – Taschkent. D'Grënnung war den 2. Februar 1955.

Numm an Tarnnimm

D'Bezeechnung vum Testgebitt war "Fuerschungs- a Versuchsgebitt # 5", kuerz NIIP-5. Den Numm Baikonur krut d'Plaz fir de Westen irzeféieren. D'Plaz Tjuratam gouf streng geheim gehalen, awer anerersäits wollt d'sowjetesch Regierung sech mat hiren Erfolleger bewonnere loossen an nom Raumfluch vum Juri Gagarin am Joer 1961 an de Medien och eng Uertschaft vun de Rakéitestarten nennen. Sou gouf du Baikonur, eng Plaz 320 km nordëstlech vun der realer Plaz, déi kee Bezuch zum Weltraumprogramm hat, ausgewielt. Déi ëffentlech Bezeechnung vun NIIP-5 war vun do un de Kosmodrom Baikonur. D'geographesch Koordinate vum originale Baikonur sinn 47° 50′ 0″ N, 66° 2′ 40″ O.

D'Siidlung, déi sech ëm de Kosmodrom entwéckelt huet, krut Nimm wéi Sarja, Swesdograd, Taschkent-90 a Leninski mat dem Stadrecht 1966 dann den Numm Leninsk. D'Gare heescht nach ëmmer Tjuratam.

Den 20. Dezember 1995 gouf Leninsk dann a Baikonur ëmbenannt. Déi offiziell Bezeechnung vum Raumfaartzentrum ass an der Tëschenzäit 5. Staatleche Versuchskosmodrom vun der Russescher Federatioun.

1957–1990

Ugedriwwe vum Kale Krich gouf de Kosmodrom séier ausgebaut. Besonnesch de Chruschtschow hat drop gehalen, fir ëmmer nees nei Rekorder am Raum ze maachen.

  • De Sputnik 1, den éischte kënschtleche Satellit am Weltraum 1957.
  • D'Laika, dat éischt Liewewiesen am Weltraum 1957.
  • De Strelka an d'Belka, déi éischt Liewewiesen, déi och heel nees zréckkoumen 1960.
  • De Juri Gagarin, den éischte Mënsch am Weltraum 1961.
  • D'Walentina Tereschkowa, déi éischt Fra am Weltraum 1963.
  • De Lunochod 1, dat éischt teleguidéiert Moundgefier 1970.
  • Saljut 1, déi éischt Raumstatioun 1971.
  • D'Mir, déi éischt stänneg bemannt Raumstatioun 1986

All dës Erfolleger si vu Baikonur gestart. Den enormen Zäitdrock hat allerdéngs och zu villen Accidenter gefouert. Dat schwéierst Accident an der Geschicht vun der Raumfaart, d'Nedelin-Katastroph, war de 24. Oktober 1960. D'Explosioun vun enger Interkontinentalrakéit vum Typ R-16 hat 126 Mënschen d'Liewe kascht, dorënner och de Mitrofan Nedelin, Chef vun de strategesche Rakéitentruppen. Den Zentralkomitee vun der KPdSU hat doropshin eng kuerz Notiz publizéiert, datt de Marschall Nedelin bei engem Fligerofstuerz gestuerwe wier. D'Katastroph koum eréischt 1989 an d'Ëffentlechkeet. Déi offiziell Lëscht vun den Affer gouf ënner dem President Jelzin publizéiert. D'Startvirbereedunge vun der nächster R-16 Rakéit ware schonn de 4. Januar 1961 ugaangen.

Den 20. Juni 1966 hat de franséische Staatspresident Charles de Gaulle als éischt westlech Persoun Baikonur besicht. Dem éischten NASA-Team goufen den 28. Abrëll 1975 am Kader vun der kollektiver Sojus-Apollo-Docking-Missioun, Deeler vum Kosmodrom gewisen. Bei dëse Besich gouf versicht, de militäresche Charakter vum Gebitt zu verstoppen. Militärescht Personal, krut Uweisung, Zivilgezei ze droen.

Wa Baikonur an der Welt virun allem fir déi bemannt Raumflich bekannt gouf, sou louch den Haaptzweck vun der Arichtung vun Ufank un, bis zum Zesummebroch vun der Sowjetunioun 1991, am teste vu flëssegkeetsgedriwwene Laangstreckerakéiten.

Mëtt vun den 1980er Joren hat déi verbuede Stad Leninsk no offiziellen Donnéeën 100.000 Awunner, 356 Wunnbléck, 9 Schoulen, 31 Spillschoulen, 18 Hoteller, en eegenen Televisiounssender, en etlech Kinoen, e Stadion, eng Gedrénksfabréck an zwee Bëtongswierker.

1991: Kris

Den Zesummebroch vun der Sowjetunioun an d'Onofhängegkeet vum Kasachstan 1991 hate Baikonur a Leninsk an eng schwéier Kris gestierzt. Dee wichtegste Kosmodrom vun der Sowjetunioun louch elo op kasacheschem Staatsgebitt an d'Startplazen op russeschem Territoire waren nëmme wéineg ze gebrauchen a konnte Baikonur net ersetzen. Zwar gouf tëscht Kasachstan a Russland eng Zesummenaarbecht versicht, awer wéi déi konkret ausgesi sollt, war Géigestand vu laange Verhandlungen. Baikonur war an enger Kris an um Wee fir zesummenzebriechen.

D'Paien an d'Pensioune goufen net méi ausbezuelt. Waasser- an Energieversuergung sinn dacks zesummegebrach, d'Leit hunn d'Ariichtung geplëmmt, hunn Autoe geklaut, an hunn d'Kabelen aus techneschen Anlage gerappt, fir se als Wäertmetall ze verkafen. Am Januar 1992 war de Start vun engem Versuergungsschëff vun der Mir bal ausgefall, well um Buedem déi onbezuelt Militärbeamte revoltéiert hunn. Ronn 40% vun den Awunner haten d'Géigend verlooss.

No offiziellen Donnéeë sinn 1993 och déi lescht Atomsprengkäpp vu Baikonur oftransportéiert ginn.

Den 28. Mäerz 1994 huet Russland schliisslech fir 115 Milliounen Dollar d'Joer, den Terrain vu Kasachstan gepacht. De Vertrag gouf den 9. Januar 2004 bis zum Joer 2050 verlängert.

1995

De 4. Januar 1995 huet déi russesch Stadadministratioun hir Aarbecht an der kasachescher Stad ugefaangen. Um Territoire gëllt vun do un d'russescht an och d'kasachescht Recht, wat zum Beispill dozou gefouert huet, datt russesch Kanner an der Schoul eppes z'iesse kréien, a kasachesch Kanner net. D'Situatioun vu Baikonur ass historesch a juristesch ouni Beispill. De Buergermeeschter vu Baikonur sot am Joer 2002: Doriwwer wäerten nach vill Juristen hir Dokteraarbecht schreiwen.

1996 hat d'Russesch Federatioun 761 Milliarde Rubel fir Baikonur virgesinn, vun deene wéinst finanzielle Problemer nëmmen 296 Milliarden d'Stad erreecht haten.

Trotz de Schwieregkeete goung et zu Baikonur liicht biergop. Mam Zouhuele vu kommerzielle Commanden a mat der internationaler Zesummenaarbecht wéi zum Beispill mat der Internationaler Raumstatioun ISS ass nees Geld an d'Stad komm. Am Mee 2002 gouf de Buergermeeschter duerch den Ex-Gouverneur vum Leningrader Oblast Aleksei Malkow, ersat.

Baikonur hat 2002 ronn 70.000 Awunner, dovu 70% Kasachen.

De Kosmodrom

Baikonur ass déi gréisst Rakéitestartplaz vun der Welt. No offiziellen Donnéeën huet se 2004 eng Fläch vu 6.717 Quadratkilometer, 75 Kilometer vun Norden no Süden an 90 Kilometer vu Westen no Osten. Do kommen dann nach d'Landeplazen dobäi.

Zu der Buedeminfrastruktur gehéieren néng Startkomplexer mat 15 Startanlagen, 4 Ofschossanlage fir d'Fuerschung vun Interkontinentale Laangstreckerakéiten, 11 Montage- a Versuchskomplexer, zwou Tankplazen, zwee Fluchfelder, e Moosskomplex, e 600-Megawatt-Wäermtkraaftwierk, 470 Kilometer Eisebunnsgleiser, 1.281 Kilometer Stroossen a 6.610 Kilometer elektresch Leitungen.

Kuckt och

'

Um Spaweck

' – Biller, Videoen oder Audiodateien
An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
M K
12 April 2011
А у меня отец, почетный строитель России, Киль Андрей Иванович, главный инженер, учавствовал в строительстве Байконура. Награжден медалями Титова и Гагарина за это.
JapanStyle
12 April 2011
Протяжку-2 делают быстро и четко! ;)
Lenochka
12 April 2011
Попробовать бизнес-ланч в тюбиках
Borisenkoff
12 April 2011
Сегодня все тусят здесь! =)
Denys Tkalich
12 April 2011
Не забудьте пристегнуть ремни!
Taisika
12 April 2011
Слава Циолковскому-)
Luet méi Kommentaren
foursquare.com

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
Kainar Hotel

fänken $73

Rixos Khadisha Shymkent Hotel

fänken $116

180 degree frontline sea view room

fänken $236

Hotel Asia Khiva

fänken $70

Promenade Park Hotel

fänken $31

Orient Star Khiva Hotel

fänken $60

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Space museum (Baikonur)

Space museum (Baikonur) ass eng touristesch Attraktioun, eng vun den

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Vehicle Assembly Building

The Vehicle (originally Vertical) Assembly Building, or VAB, is

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Satish Dhawan Space Centre

De Satish Dhawan Space Centre (SHAR) ass eng Rakéitestartplaz vun der

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Juri-Gagarin-Kosmonautentrainingszentrum

D'Kosmonautentrainingszentrum „J. A. Gagarin“: Zentr Podgotowki Kos

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Edwards Air Force Base

D'Edwards Air Force Base ass eng Loftwaffebasis vun der United States

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Centre Spatial Guyanais

De Centre Spatial Guyanais (CSG), oder Raumfaartzentrum Guyane, bei

Kuckt all ähnlech Plazen