D' Basilika vum Hellegen Häerz zu Bréissel steet um Plateau zu Koekelberg, enger vun den 19 selbstännege Gemenge vun der Haaptstadregioun Bréissel.
Schonns de Léopold I. huet sech domatter beschäftegt, op de
Koekelberg, dee Bréissel dominéiert, seng Residenz opriichten ze
loossen. Dozou ass et awer zu deem senge Liefzäite net méi komm. De
Léopold II. wollt op derselwechter Plaz eng Zort Pantheon baue
loossen, op deen eng groussaarteg Alleeë sollten zougoen. Dorun
e¨rüenneren haut nach d' "Avenue des Gloires nationales" an d'
"Avenue du Panthéon". Dee Projet war der kathoulescher Bourgeoisie,
déi zu deeër Zäit um Rudder war, net reliéis genuch.
Do huet et sech erginn, datt de belsche Kinnek 1902 de Schantje vun
der Basilika vum Hellegen Häerz zu Paräis op dem Hiwwel vu
Montmartre besicht hat, an op d'Iddi koum, fir de 75. Joresdag vun
der belscher Onofhängekeet, um Koekelbierg nach méi eng grouss
Nationalbasilika bauen ze loossen.
De Projet vum Architekt Pierre Langerock vu Louvain, deen eng neogotesch Kathedral virgesinn hat, gouf vun enger Jury ugeholl an den 12. Oktober 1905 huet de Kinnek de Grondstee geluecht. Well déi Käschten alles an de Schiet gestallt hunn, dat disponibel war, huet de Kinnek sech bereeterklärt aus senger Privatkassett bäizedroen. De