Buerg Veianen

D'Buerg Veianen ass eng Buerganlag zu Veianen am Kanton mam selwechten Numm zu Lëtzebuerg.

Geographie

D'Buerg läit um Südrand vun den Ardennen op engem laanggezugene Fielsvirspronk op hallwer Héicht tëscht dem enken Ourdall an engem Héichplateau.

Beschreiwung vun der Anlag

D'Buerg selwer ass e Gebaiekomplex dee sech iwwer eng Längt vun 90 m zitt an deen duerch eng Festungsmauer ëmgrenzt ass. Et muss een duerch 4 Paarte goen, éiert een am Bannenhaff bei d'Buerg kënnt. Vun der Buerganlag aus hu sech zwou Rankmauere ronderëm dee fréiere Stadkär bis erof bei d'Our gezunn (cf. Bild 2), vun deene gréisser Deeler bis haut erhale sinn.

De Gebaiekomplex haut

Folgend Raimlechkeete gi bei enger Visite vum Schlass duerchlaf:

Um -1:

  • De grousse Keller (eegenen Accès vu baussen)

Um Rez-de-chaussée:

  • Waffenhaal
  • Ritterstuff
  • Archeologesch Krypta
  • Ënneschte Niveau vun der Kapell
  • Ursprénglech Kichen
  • Salle à manger
  • Grouss Kichen
  • Bur
  • Rittersall

Um éischte Stack:

  • Bysantinesch Galerie
  • Bannenhaff
  • Rondgank ronderëm d'Kapell
  • Ieweschte Niveau vun der Kapell
  • Bankettsall
  • Schloofkummer
  • Stammbamkummer
  • Festsall = Vic-Abens-Sall

Um zweete Stack:

  • Charles-Arendt-Sall
  • Jean-Pierre-Koltz-Sall

Geschicht

D'Veianer Buerg gouf vum 11. Jh. un um Site vun engem fréiere réimesche (4. Jh.) a karolengesche (9. Jh.) Kastell opgeriicht.

Am Mëttelalter waren d'Grofe vu Veianen direkt Vasalle vum däitsche Keeser. Duerch e Familljesträit gouf de Philippe I. vu Veianen 1264 Vasall vun de Grofe vu Lëtzebuerg. D'Buerg war bis 1417 d'Staambuerg vun de Grofe vu Veianen, wou se un d'Haus Nassau iwwergaangen ass. D'Grofschaft Veianen hat deemools ongeféier déiselwecht Gréisst wéi dat haitegt Groussherzogtum.

1820 huet de Wëllem I. vun Holland déi bis dohin net zerstéiert Buerg fir 3.200 Gulden un de Veianener Geschäftsmann Wenzel Coster versteet, deen all d'Miwwelen an och de kompletten Daach verkaaft an d'Buerg selwer als Steebroch benotzt huet.

1938 ass d'Buerg op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroe ginn. 1977 ass se a Staatsbesëtz komm a gëtt zanterhier restauréiert.

Chronologie

  • 4. Jh.: um Site steet e réimesche Wuechtposten.
  • 9. Jh.: um Site steet eng karolengesch Anlag.
  • 11. Jh.: héichmëttelalrterlech Bauperiod.
  • 1090: den éischte Grof, Bertulf vu Veianen.
  • 12. Jh.: zweet Bauphase: klenge Palas.
  • Uganks 13. Jh.: d'Buergkapell an de grousse Palas ginn opgeriicht
  • 1417: den éischten Nassauer: Grof Engelbert I. vun Nassau.
  • Enn 15. Jh.: Héije vun de Giewelen, Bau vun den héije goteschen Diech.
  • Uganks 17. Jh.: d'Nassauer Haus gëtt opgeriicht.
  • 1820: d'Buerg gëtt verkaaft, Ofbroch vun den Diech fir Baumaterial.
  • 1885: D'Buerg ass am Besëtz vun der groussherzoglecher Famill.
  • 1910/11: Restauratiounen duerch den Architekt Bodo Ebhardt.
  • 1966/67: Opriichte vum verwëllfte Waffesall vum klenge Palas.
  • 1977: De Groussherzog Jean verkeeft d'Buerg un de Lëtzebuerger Staat.
  • Vun 1978 un: D'Buerg gëtt bis haut bestänneg weider opgebaut a restauréiert ënner der Supervisioun vum Service des sites et monuments.

D'Grofe vu Veianen

  • 1090: Bertolphe (comes de Vianne)
  • 1096: Gérard Ier de Sponheim (et Vianden?)
  • 1124-1150: Frédéric Ier
  • 1154-1163: Sigefroid Ier
  • 1163-1184: Frédéric II
  • 1187-1217: Frédéric III
  • 1214-1252: Henri Ier
  • 1250-1271: Philippe Ier
  • 1278-1307: Godefroid Ier
  • 1307-1312: Philippe II
  • 1317-1337: Henri II
  • 1337-1400: Marie de Vianden
  • 1417: Elisabeth de Sponheim-Vianden

D'Veianer Buerg an der Konscht

Literatur

Dat wuel bekanntst Zitat iwwer Veianen a seng Buerg ass aus der Fieder vum Victor Hugo (Discours aux Viandenois, 20.07.1871):

« Aujourd'hui, dans son paysage splendide que viendra visiter un jour toute l'Europe, Vianden se compose de deux choses également consolantes et magnifiques, l'une sinistre, une ruine, l'autre riante, un peuple. »

Kino

Um Site vun der Veianer Buerg gi regelméisseg Kinosfilmer gedréit, zum Deel mat bekannter internationaler Besetzung.

  • Shadow of the Vampire (2000)

Literatur

  • Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1884. Monographie du château de Vianden. Luxembourg : Impr. de la Cour, 1984 [Facsimile vun der Originaleditioun vun 1884].
  • Dunan, Marie Elisabeth, 1960. Les châteaux forts du Comté de Luxembourg et les progrès dans leur défense sous Jean l'Aveugle 1309-1346. Publ. de la Section historique 70, Luxembourg.
  • Du Fays, Dominique, 1987. La Maison de Vianden : des origines à 1337. 225 p. + XXVII. Thèse Mém. lic. hist. Liège.
  • Ebhardt, Bodo, 1939. Der Wehrbau Europas im Mittelalter. Bd. I. Berlin. [Veianen S. 536-537]
  • Frantzen-Heger, Gaby, 1998. Die Hofburg Vianden / Grand-Duché de Luxembourg - Domaine de l'Etat luxembourgeois. 40 p. Vianden : Les Amis du Château de Vianden.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1964. Neue Betrachtungen über die bauliche Entwicklung der Hofburg Vianden. Luxemburger Marienkalender Jg. 83: 38-43.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1971. Die grossen Restaurationsarbeiten auf Burg Vianden. Die Warte Année 24, n°22 (15.07.): 1 + 4. Luxembourg.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1972. Nouvelle monographie du château-palais de Vianden. Luxembourg, Impr. Saint-Paul. 46 p. [Tiré-à-part revisé de: Hémecht Jg. 24, Nr. 2]
  • Koltz, Jean-Pierre, 1983. Le château-palais de Vianden. Vianden : Les Amis du Château de Vianden, Mersch : Impr. Fr. Faber. (6) p. [photos : Pol Holweck , Jochen Herling] [Traduction en anglais, néerlandais et allemand du texte français, également paru in: Flydoscope : magazine de Luxair]
  • Koltz, Jean-Pierre, 1988. Nouvelle monographie du château-palais de Vianden. 2e éd. augmentée, 85 p. Vianden : Amis du château, Luxembourg, Impr. Saint-Paul.
  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute : ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder] Luxembourg : RTL Édition, 271 p.
  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 1. Das Schloss Vianden. S. 10-19, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
  • Milmeister, Jean, 1968. Le déclin et l'extinction de la Maison de Vianden. Hémecht Jg. 20, H. 1: 39-45.
  • Milmeister, Jean, 1969. Les débuts de la Maison de Vianden. Hémecht 21, H. 1: 57-61.
  • Milmeister, Jean, 1970. Le Comté de Vianden sous la Maison de Nassau. Hémecht Jg. 22, H. 2: 213-218.
  • Milmeister, Jean, & Frank Wilhelm, 2002. Victor Hugo et les châteaux luxembourgeois. Vianden : Maison de Victor Hugo : Ass. des châteaux luxembourgeois. Hémecht Jg. 54, H. 3: 337-367.
  • Zimmer, John, [zirka 1998]. Le château de Vianden. Carnets du patrimoine. 79 p. Luxembourg : Musée national d'histoire et d'art : Service des sites et monuments, Luxembourg, Impr. Saint-Paul. [éd. par le Musée national d'histoire et d'art et le Service des sites et monuments nationaux] ; [layout: Isabelle Clees ; composition photogr.: Conny Scheel].
  • Zimmer, John, 1996. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 1: Die archäologisch und bauhistorisch untersuchten Burge von Befort, Bourscheid, Fels, Luxemburg, Vianden. 442 S. Hrsg.: Les amis de l'ancien château de Beaufort, Les amis du château de Bourscheid, Les amis du château de Larochette, Les amis du château de Vianden. Editions Saint-Paul, Luxembourg. ISBN 2-919883-07-0.
  • Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Editions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (cf. Ss. 96-241)

Kuckt och

  • Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Veianen
  • Lëscht vun de Buergen a Schlässer am Ourdall

Um Spaweck

' – Biller, Videoen oder Audiodateien
An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
Will Mernagh
4 August 2013
Park your car near the chateau. Visit the chateau, walk down the big hill to the town for dinner. Take the chair lift one way back up above the chateau and then hike down a little back to your car.
Betül Öztürk
9 October 2016
Vianden Castle is one of most beautiful building in Luxembourg. It was like part of movie... ????????
Gonzalo Arenas
22 March 2023
Restored to its original glory after being in disrepair for decades. Nice town and castle, worth a visit
Christoph Schulte-Zurhausen
Das Château de Vianden eine der schönsten Residenzen die ich bisher besichtigen konnte & bietet einen grandiosen Ausblick auf Vianden & Umgebung, somit ein muss für jeden der in der Gegend ist.
Je Anne
16 March 2016
Sehr gut erhaltenes Schloss, jede menge Geschichte im inneren des Schlosses. Begrenzt Parkplatz, Achtung, in ganz Vianden sind Cafés & Co. Tourifallen. (Dann lieber nach Echternach in die "Stadt")
Steff Chacón
24 March 2016
El museo está súper simpático. La entrada cuesta 6€. Vale la pena la subida
Luet méi Kommentaren
foursquare.com
8.7/10
Max Khokhlov, Maria Kalinina an 39,300 méi Leit ware scho hei
Kaart
122 Grand-Rue, 9411 Vianden, Lëtzebuerg Kritt Uweisungen
Fri 10:00 AM–6:00 PM
Sat-Sun 10:00 AM–7:00 PM
Mon 11:00 AM–5:00 PM
Tue-Wed 11:00 AM–4:00 PM

Château de Vianden op Foursquare

Buerg Veianen op Facebook

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
Hotel-Restaurant Dimmer

fänken $87

Cocoon Hotel La Rive

fänken $125

Hotel Petry

fänken $101

Waldhotel Sonnenberg

fänken $93

Hotel Ritschlay

fänken $80

A Trip to Nature

fänken $194

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Buerg Stolzebuerg

Stolzembourg Castle (French: Château de Stolzembourg) is located on a

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Buerg Branebuerg

Brandenbourg Castle (French: Château de Brandenbourg), now a ruin, is

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schlass Bettenduerf

D'Schlass vu Bettenduerf steet an der lëtzebuergescher Uertschaft

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Buerg Buerschent

Bourscheid Castle (French: Château de Bourscheid, German: Burg

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Ierpeldenger Schlass

Erpeldange Castle (French: Château d'Erpeldange), located in the town

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Buerg Beefort

Beaufort Castle (French: Château de Beaufort) dating from the 11th

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schüttbuerg

Schuttbourg (French: Château de Schuttbourg) is a castle in

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schlass Bierg

D'Schlass Bierg ass déi groussherzoglech Residenz. Et steet zu

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schlass Neuschwanstein

D'Schlass Neuschwanstein ass e Schlass bei Hohenschwangau, a Bayern.

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Tower of London

Her Majesty’s Royal Palace and Fortress the Tower of London ass e b

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Château de Gruyères

The Castle of Gruyères (in french: château de Gruyères), located in th

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Castel Sant'Angelo

The Mausoleum of Hadrian, usually known as the Castel Sant'Angelo, is

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Castello Scaligero (Sirmione)

Замок Скалігерів (італ. Castello Scaligero) —

Kuckt all ähnlech Plazen