D'Chauvet-Hiel (op Franséisch: Grotte Chauvet, op Okzitanesch: Bauma de Chauvet) ass eng Hiel 3 km südëstlech vu Vallon-Pont-d'Arc, am Departement Ardèche, net wäit vum Pont d'Arc. Si gouf den 18. Dezember 1994 entdeckt, ë. a. vun engem Här Chauvet, dohier den Numm. Si zielt zu de bedeitendsten archeologesche Plaze mat Hielemolereien a Ritzzeechnungen op der Welt. Bis ewell goufe méi wéi 400 Wandbiller mat ronn 1.000 gemoolten a gravéierten Déieren a Symboler repertoriéiert.
Mat der Radiokarbondatéierung konnt d'Presenz vu Mënschen an der Grott tëscht viru 37.000 bis 33.500 Joer (Aurignacien), an dann nees tëscht 31.000 bis 28.000 Joer virun haut (Gravettien) etabléiert ginn. D'Zeechnunge si sou gutt erhalen, well viru ronn 22.000 Joer den Agank vun der Hiel zougefall ass.
D'Hiel besteet aus engem Systeem vu véier grousse Säll mat enger Héicht vun 12 bis 14 Meter (de gréissten huet 40 × 60 Meter Fläch) a se breet sech horizontal op 240 × 100 Meter aus. Am Ganze si bis ewell ronn 8.140 Quadratmeter kartographéiert.
Fir d'Zeechnungen ze schützen, ass d'Hiel net zougänglech fir de Public. Just e puer Fuerscher däerfen do zu streng reglementéierten Zäite schaffen.
Wéi se fonnt goufen, hunn hir Entdecker ugeholl, et wieren déi eelst Hielenzeechnunge vun der Welt. Mëttlerweil gëllen awer d'Molereien an der spuenescher El-Castillo-Hiel an an de Karsthielen am Regierungsdistrikt Maros an Indonesien als nach méi al.
Am Juni 2014 gouf d'Chauvet-Hiel op d'Lëscht vun de Weltkulturierfschafte vun der UNESCO opgeholl.
D'Zeechnunge sinn aus Holzkuel, Leem oder Ocker. Et handelt sech ëm vill verschidden Déierespezien, wéi et se am Pleistozän do an der Géigend gouf: Wollnashörner, Hieleléiwen, Mammuten, Wëll Päerd, Hielebieren, Hielenhyänen, Rendéieren, Bisonen, Wisenten, Auerochsen, Steinbéck, Riesenhirschen, Hirschen, Pantheren an eng Schnéi-Eil. All si se ganz realitéitskonform gemoolt. Och stiliséiert Zeechnunge sinn an der Grott ze gesinn: Mëschwiesen aus Mënsch an Déier a Sexualsymboler (Dräieck vum Schouss vun enger Fra, ee Phallus).
Warscheinlech gouf d'Hiel am Wanter vun Hielebieren als Leeër fir hire Wanterschlof genotzt. De Mënsch huet sech ni laang dran opgehalen.
Fir de virwëtzegen Touristen eppes bidden ze kënnen, gouf 3 Kilometer vun der Hiel ewech 2015 en Nobau vun der Hiel fir de Public opgemaach, dee ronn 55 Milliounen Euro kascht huet.
' – Biller, Videoen oder Audiodateien |