De Cristo Redentor (lb.: "Christus den Erléiser") ass e Monument zu Rio de Janeiro (Brasilien), dat um Bierg Corcovado am Natupark Tijuca am Süde vu Rio steet.
D'Statu ass aus Beton armé an ass 30 m héich. Se steet op engem 8 m héije Sockel, an deem eng Kapell fir 150 Leit amenagéiert ass. D'Spanwäit vun den Äerm ass 28 m, an d'Statu, déi den 12. Oktober 1931 ageweit gouf, weit 1.145 Tonnen.