Dat Doudegt Mier (hebr.: ים המלח Yam HaMelach bzw. "Salzmier"; arab.: بحر الميّت Bahr al-Mayyit oder بحر لوط Bahr Lūt, "Mier vum Doud" ) ass e Séi , dee vum Jordan gespeist gëtt. E grenzt un Israel, dat vun Israel besate Westjordanland an u Jordanien.
um Doudege Mier]]
Dat Doudegt Mier ass ee 600 km² grousse Salzséi, dee keen Offloss huet. Seng Waasserfläch ass weider um Senken an dierft haut op engem Niveau vu 400 m ënner dem Mieresspigel leien. Dat ass dorop zeréckzeféieren datt de Séi ausdréchent. Haut stellen d'Uferen vum Séi deen déifsten zougänglechen Punkt vun der Äerduewerfläch duer.
De Salzgehalt vum Doudegen Mier erreecht bis zu 33 Prozent (28 % am Duerchschnëtt), während de Salzgehalt vum Mëttelmier nëmmen ongeféier 3% erreecht. Well nëmme Waasser an dat Doudegt Mier ran a kengt rausleeft misst de Waasserniveau jo theoretesch klammen. Dat ass iewer net de Fall well duerch d'Hëtzt an de waarme Wüsteklima d'Waasser verdonst. Dat ass iewer nëmme wouer wat d'Waasser ugeet; d'Mineralien an d'Salz bleiwen zeréck, wouduerch den ëmmer méi grousse Salzgehalt vum Séi sech erkläre léisst.
Biologesch gesinn ass dëse Séi net dout, mee net vill Planze kënnen dran iwwerliewen. Nëmmen déi Planzen a Mikroorganismen, déi eng héich Salztoleranz hunn, bréngen dat fäerdeg.
Touristesch interessant sinn Uertschafte rondrëm wéi: