D'Europäescht Parlament (oder Europa-Parlament) ass déi Institutioun vun der Europäescher Unioun (EU), déi an direkter a geheimer Wal demokratesch gewielt gëtt. Et vertrëtt deemno direkt déi 500 Milliounen EU-Bierger an hëlt Deel um legislative Prozess vun der EU: zesumme mam Conseil vun der Europäescher Unioun, an deem d'Memberstaaten duerch hir Ministere vertruede sinn, stëmmt et iwwer Gesetzesvirschléi of, déi d'Europäesch Kommissioun ausgeschafft huet.
D'Membere vum Parlament, also d'Deputéiert, ginn zanter 1979 direkt vun de Bierger fir 5 Joer gewielt. President ass zanter Januar 2017 den Antonio Tajani.
Zanter de Wale vun 2014 gëtt et 751 Deputéiert (inkl. Präsident). Hir Zuel pro Memberstaat hänkt of vun deem senger Awunnerzuel: Malta huet der mat 5 am mannsten, no Lëtzebuerg mat hirer 6 bis hin zu Däitschland mat 96 Deputéierten.
Bis op 17 fraktiounslous Deputéiert, sinn all an enger vun dësen 7 Fraktiounen vertrueden:
D'Europäescht Parlament hält seng Plenarsëtzungen zu Stroossbuerg, an all zousätzlech Sëtzungen zu Bréissel. All Deputéiert ass an engem oder méi vun de 17 Kommissiounen, déi, jee no den Themen, d'Plenarsëtzung preparéieren. Si, wéi och déi verschidde politesch Gruppen, hunn hir Reunioune meeschtens zu Bréissel. D'Generalsekretariat vum Europäesche Parlament ass zu Lëtzebuerg.
D'Europäescht Parlament an den Europäesche Conseil deelen d'legislativ Gewalt. Jee no Sujet gëtt et dräi Prozeduren, no deenen des Opdeelung geschitt:
D'Parlament an de Conseil deelen och d'Responsabilitéit iwwer d'Adoptioun vum Budget vun der EU: D'Europäesch Kommissioun mécht e Budgetsprojet, deen am Parlament a Conseil debattéiert gëtt. D'Parlament kann de Budget rejetéieren - wat scho méi wéi eemol virkoum; an deem Fall muss déi ganz Prozedur vu vir ugefaange ginn. Deemno huet d'Parlament d'Méiglechkeet, ze beaflossen, wat fir Suë woufir ausgi ginn. Allerdéngs geet bal d'Hallschent vum EU-Budget un d'Landwirtschaft, an iwwer déi Depensen huet d'Parlament näischt ze soen.
Schliisslech huet d'Parlament d'Kontroll iwwer d'Kommissioun: D'Kommissioun muss d'Vertraue vum Parlament hunn, éier s'iwwerhaapt ufänke ka mat schaffen, a mat enger Zweedrëttel-Majoritéit kann d'Parlament s'och erëm fréizäiteg entloossen. D'Parlament kontrolléiert weiderhin, op d'Kommissioun hir Aarbecht gutt mécht, andeems et d'Rapporte vum Europäesche Rechnungshaff examinéiert, an et kann der Kommissioun, wéi och dem Conseil, mëndlech oder schrëftlech Froen stellen.
Legislatur | Period | Numm | Grupp | Land |
1. | 1979-1982 | Simone Veil | LDR | Frankräich |
1982-1984 | Piet Dankert | Sozialist | Holland | |
2. | 1984-1987 | Pierre Pflimlin | UDF/RPR | Frankräich |
1987-1989 | Lord Plumb | EVP-ED | Groussbritannien | |
3. | 1989-1992 | Enrique Barón Crespo | Sozialist | Spuenien |
1992-1994 | Egon Klepsch | EVP-ED | Däitschland | |
4. | 1994-1997 | Klaus Hänsch | PSE | Däitschland |
1997-1999 | José Maria Gil Robles | EVP-ED | Spuenien | |
5. | 1999-2002 | Nicole Fontaine | EVP-ED | Frankräich |
2002-2004 | Pat Cox | ELDR | Irland | |
6. | 2004-2007 | Josep Borrell Fontelles | PSE | Spuenien |
2007-2009 | Hans-Gert Pöttering | EVP-ED | Däitschland | |
7. | 2009-2012 | Jerzy Buzek | EVP-EP | Polen |
2012-2014 | Martin Schulz | ESP | Däitschland | |
8. | 2014-2016 | Martin Schulz | ESP | Däitschland |
2017-2018 | Antonio Tajani | EVP | Italien |