Festung Lëtzebuerg

D'Festung Lëtzebuerg war, bis datt se an de Joren no 1867 ofgerappt gouf, eng Befestegungsanlag ronderëm d'Stad Lëtzebuerg, déi vu grousser strategescher Bedeitung an der Regioun war an dofir am Laf vun de Joerhonnerten ëmmer erëm besat gouf.

Réimerkastell

D'Ufäng vun der Festung Lëtzebuerg ware ganz bescheiden. An der Réimerzäit hu sech um Plateau iwwer Uelzecht a Péitruss zwéi Kieme gekräizt, deen, dee vun Arel op Tréier gaangen ass, an deen, dee vun Diddenuewen dobäikoum. Ronderëm dës Kräizung huet sech an engem Krees eng hëlze Palissad gezunn, hanner där sech d'Bauere bei engem Iwwerfall zréckzéie konnten. Net wäit ewech, um Bockfiels, gouf et e klengt réimescht Kastell dat Lucilinburhuc genannt gouf - doraus huet sech iwwer Lützelburg spéider de Landesnumm Lëtzebuerg erausgebilt.

Buerg

Nom Réckzuch vun de Réimer stoung dat Kastell eidel an ass ëmmer méi verfall. Am Joer 963 huet den Ardennergrof Siegfried sech an engem Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin de Bockfiels mat den Iwwerreschter vum Kastell geséchert an dorop eng éischt kleng Buerg gebaut, déi mat enger hëlzener Zuchbréck mam Plateau verbonne war. Mat der Zäit huet sech um Plateau eng Siidlung gebilt, déi ronn zweehonnert Joer méi spéit eng kleng Stad gouf a Mëtt vum 12. Joerhonnert mat enger fester Stadmauer op der Héicht vum haitege Gruef protegéiert gouf. Am 14. Joerhonnert koum nach eng zweet Stadmauer dobäi, déi de Gronn an d'Rumm ëmschloss huet, an dunn och nach eng drëtt, déi d'Stadgebitt bis op d'Héicht vum haitege Boulevard Royal erweidert huet.

Festung

1443 huet de Philippe de Gudden d'Stad Lëtzebuerg mat engem Iwwerraschungsugrëff iwwerrompelt (virdru war se och scho seng, mä just als Gage). D'Festung selwer huet dovu profitéiert, well all neien Här versicht huet, se méi grouss, besser duerchduecht a méi staark ze maachen. Op de Pläng, ënnen op dëser Säit, gesäit ee gutt, wéi se bannent 200 Joer vun enger einfacher Mauer mat Gruef zu engem héichsophistikéierte Verdeedegungssystem ausgebaut gouf.

Grondsätzlech kann ee soen:

  • d'Fransousen hunn alles eckeg gemaach;
  • d'Spuenier hunn alles ënnerhielegt;
  • d'Preisen hunn alles bommefest gemaach.

Schlussendlech huet d'Festung Lëtzebuerg aus dräi Festungsmauere bestanen, op enger Fläch vun 180 ha (d'Stad selwer hat just eng Fläch vun 120 ha). Banne gouf et eng Abberzuel Bastiounen, an der Mëtt 15 Forten a ronderëm nach eng Kéier 9 Bausseforten. En Netz vun 23 km Kasematte war mat iwwer 40.000 m2 bommeséchere Raim verbonnen. Do ass et kee Wonner, datt d'Festung de Spëtznumm Gibraltar vum Norde krut, als Uspillung op den onbezwongene Fiels Gibraltar op der Südspëtz vun der Iberescher Hallefinsel. D'Festung Lëtzebuerg ass effektiv ni militäresch bezwonge ginn. 1443 hat wéi gesot de Philippe de Gudden d'Stad duerch en Iwwerraschungsugrëff ouni Géigewier geholl, a spéider hunn d'Häre vun der Festung just gewiesselt, wann d'Festungsgarnisoun duerch batteren Honger gezwonge war, d'Paarte vun der Stad fräiwëlleg opzemaachen.

D'Ofrappe vun der Festung

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert war d'Groussherzogtum Lëtzebuerg onofhängeg an hat als Groussherzog de Wëllem III., dee gläichzäiteg och Kinnek vun Holland war. D'Land war e Memberstaat vun der Konfederatioun vum Däitsche Bond an hat dowéinst eng konfederéiert Garnisoun an der Festung, déi vun de Preise gestallt gouf. Wéi den Däitsche Bond sech 1866 no der preisescher Victoire am Däitsch-Éisträichesche Krich opgeléist huet, gouf en duerch den Norddäitsche Bond, engem Federatiounsstaat, ersat, dee Lëtzebuerg awer net mat abegraff huet. Déi preisesch Garnisoun ass trotzdeem emol nach an der Festung bliwwen. De Wëllem III. wollt vun der onklorer Situatioun profitéieren an d'Festung Lëtzebuerg un den Napoleon III. verkafen. Domat war de Bismarck awer net d'accord, an et wier bal zum engem däitsch-franséische Krich komm.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg-Kris

Wann et 1870-1871 zwar effektiv souwäit war, sou konnt 1867 de Fridden awer nach eng Kéier gerett ginn: am Londoner Protokoll ass festgehale ginn, datt déi convoitéiert Festung ofgerappt, a Lëtzebuerg éiweg neutral sollt sinn.

Ganzer 16 Joer, vun 1867 bis 1883, sollt et daueren, bis datt d'Schleefe vun der Festung endlech ofgeschloss war. Dëst gouf vu lokalen Entreprenere gemaach, déi fir déi Aufgab bezuelt hunn an am Géigenzuch d'Steng vun de Festungsmaueren a -gebailechkeeten hale konnten. Dat ganzt ass chaotesch vir sech gaangen, soudatt irrelevant Deeler vun der Festung komplett gesprengt goufen, mä bei strategesch wichtege Baute gefuddelt gouf, andeems just den ieweschte Stack gesprengt an iwwer de Rescht einfach Buedem getippt gouf. Et konnt awer duerchgesat ginn, dat e puer "Kennzeeche" vun der Stad der Nowelt nach sollen erhale bleiwen: déi dräi Tierm aus der zweeter Stadmauer, d'Vaubans Tierm am Pafendall, den Agank vum Fort Thüngen op den dräi Eechelen, den Huelen Zant um Bock an d'Schlassbréck, de Stierchen am Gronn, d'Tréierer Paart mat den Tierm an de Kasären op der Rumm, verschidde Gebailechkeeten um Helleg-Geescht-Plateau an hei an do nach e Spueneschen Tiermchen.

Wat hautdesdaags deem engen oder aneren als grouss Zerstéierung vun eemolege Bauwierker schéngt, war deemools fir d'Leit eng grouss Befreiung. Zanter dem 14. Joerhonnert konnt d'Stad nämlech net méi wuessen, wéinst militäreschen Iwwerleeunge war et bis op Ausname verbueden, nei Haiser an a ronderëm d'Stad ze bauen. Wéi de Korsseli vun de Festungsanlagen awer bis ewechgefall ass, du konnt d'Stad sech erëm entwéckelen. Am Süden huet d'Nei Bréck de Plateau Bourbon zougänglech gemaach an am Westen ass de Boulevard Royal gebaut ginn, mat hannendrun dem grousse Stadpark.

Literatur

  • Engelhardt, Friedrich Wilhelm, 1850: Geschichte der Stadt und Festung Luxemburg: seit ihrer ersten Entstehung bis auf unsere Tage, mit besonderer Rücksicht auf die kriegsgeschichtlichen Ereignisse, nebst Plan der Stadt und statistischer Einleitung
  • Savin, Cyrille, 2007. Luxembourg, histoire et mémoire d'une ville fortifiée. Erausgi vum Service des sites et monuments nationaux. Ouni Numm vun der Dréckerei, 118 S. ISBN 978-2-919883-36-3

Billergalerie

Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort Berlaimont • Batterie Chanclos • Bastioun 3 Dauwen • Gouvernements-Bastioun • Bastioun vum Schlass • Batterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort Niedergrünewald • Fort Obergrünewald • Batterie Weimeschhaff • Malakoff-Tuerm
Detachéiert Wierker: Fort Olizy • Fort Thüngen • Fort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-Befestegungen • Batterie Altmünster • Helleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-Befestegungen • Redoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort Parkhöhe • Fort Dumoulin • Fort Rubamprez • Fort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht Zitadell • Bastioun Louis • Bastioun Beck • Bastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort Verluerekascht • Eisebunnsbatterie • Fort Wallis • Fort Bourbon • Diddenuewener Avancée • Fort Elisabeth • Fort Peter
Detachéiert Wierker: Fort Neipperg • Fort Wedell • Fort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun Jost • Bastioun Camus • Bastioun Marie • Neipaart-Befestegungen • Bastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort Peter • Batterie Lambert • Fort Lambert • Fort Louvigny • Fort Vauban • Fort Marie • Fort Royal • Lunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort Rheinsheim • Fort Daun • Fort Charles • Redoute Marlborough

Paarten a Schleisen
Biisserpaart • Dënselspaart/Tréierer Paart • Diddenuewener Paart • Dräi Tierm • Eecher Paart • Juddepaart • Mansfeldspaart • Nei Paart • Hondshaus • Richenerpaart • Seilerpaart • Siichepaart • Spuenesch Paart • Stierchen • Weimeschhaffer Paart
Gronn-Schleis • Bourbon-Schleis

Kuckt och

  • Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell
  • Festung Lëtzebuerg: mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen
  • Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse - Zitadell vu Léck
  • Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont
  • Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen
  • Festungen an Norwegen: Festung Akershus
  • Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém
  • Festungen an den USA: Alcatraz
  • Festungen a Kanada: Zitadell vu Québec
  • De Béinchen, fréier Festungsbréck am Pafendall

Um Spaweck

' – Biller, Videoen oder Audiodateien
An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
European Parliament
22 July 2014
Founded in 963 and expanded over the centuries, today the “Gibraltar of the North” is a UNESCO World Heritage site. The population used to hide in the tunnels during sieges. You can still tour them.
Cenker Köse
21 October 2016
Outside view is more beautiful than the view of inside. But must enter and walk inside the hundreds year old city caves.
Prieur du Plessis
21 October 2016
Fascinating! Definitely a must do while in Lux. Drop down into Gronn for beers afterwards.
Stephanie Benson
7 July 2017
Amazing! Definitely a lot of walking and stairs but the different levels and chambers where wonderful. The kids had the best time discovering different passageways and cannons.
Pavlix
29 May 2016
A must-do historic attraction in Lux. Unbeatable 360 views of the city and a medieval atmosphere
Fabiana Pfitzer Schaefer
8 November 2018
Patrimônio da Humanidade, bários andares de túneis escavados na rocha , para guardar alimentos , armas e proteger a cidade dos invasores, um dos maiores do continente
Luet méi Kommentaren
foursquare.com
8.8/10
7,742 Leit ware scho hei
Kaart
10 Mnt de Clausen, 1343 Luxembourg, Lëtzebuerg Kritt Uweisungen
Tue 11:00 AM–7:00 PM
Wed 11:00 AM–5:00 PM
Thu 11:00 AM–7:00 PM
Fri 11:00 AM–6:00 PM
Sat 10:00 AM–8:00 PM
Sun 10:00 AM–7:00 PM

Casemates du Bock op Foursquare

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
Le Place d'Armes

fänken $232

Hotel Le Royal

fänken $511

Grand Hotel Cravat

fänken $193

Grand Hotel Cravat

fänken $0

Hotel Parc Beaux Arts

fänken $526

Hotel Parc Belle-Vue

fänken $185

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Méchelskierch (Stad Lëtzebuerg)

D' Méchelskierch um Fëschmaart ass dat eelste reliéist Gebai dat an de

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Groussherzogleche Palais

De Groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg, 1572 bis 1574

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schlass La Fontaine

La Fontaine Castle (French: Château La Fontaine, German: Schloss La

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Theatre square, Luxemburg

Theatre square, Luxemburg ass eng touristesch Attraktioun, eng vun

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Kathedral Notre-Dame (Lëtzebuerg)

D'Kathedral Notre-Dame an der Stad Lëtzebuerg war ufanks d'Kierch vun

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Fort Thüngen

D'Fort Thüngen, am Volleksmond Dräi Eechelen genannt wéinst der ap

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Plëss d'Arem

D'Plëss d'Arem, dacks och nëmme Plëss genannt, offiziell Place d'

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Gëlle Fra

Geographesch Koordinaten: 49° 36’ 60’’ N 06°

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Suomenlinna

Suomenlinna, until 1918 Viapori, (Finnish), or Sveaborg (Swedish), is

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
San Juan de Ulúa

San Juan de Ulúa, also known as Castle of San Juan de Ulúa is a l

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Palamidi

Palamidi is a military fortress to the east of the Acronauplia in the

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Ehrenbreitstein Fortress

Ehrenbreitstein Fortress (German: Festung Ehrenbreitstein) is a

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Citadelle Saint-Elme

78px

Kuckt all ähnlech Plazen