D' Garnier Operenhaus, d' "Opéra Garnier", och "Palais Garnier" genannt, ass eent vun den zwee Operenhaiser vu Paräis, déi der nationaler Opéra National de Paris ënnerstinn.
D'Garnier Operenhaus huet 1875 seng Dieren opgemaach an ass um rietsen Seineuwänner am 9. Paräisser Arondissement ze fannen. Den Numm huet d'Gebai vum franséischen Architekt Charles Garnier.