Invalides

Den Hôtel national des Invalides ass e Paräisser Monument,dat de Kinnek Louis XIV. duerch eng Ordonnance vum 24. Februar 1670 an Optrag ginn hat, fir den Invaliden aus senger Arméi en Doheem ze sécheren. Hautdesdaags ginn do nach ëmmer Invaliden opgeholl, mee et goufen och Muséeën an eng Militärnekropol ageriicht.

De Kinnek Louis XIV. huet sech wéi seng Virgänger Henri III. an Henri IV. gewënscht, den invaliden Zaldote vu senger Arméi ze hëllefen, fir datt « ceux qui ont exposé leur vie et prodigué leur sang pour la défense de la monarchie [...] passent le reste de leurs jours dans la tranquillité » (Edit royal vu 1670).

D'Invalides goufen am Dall vun der Grenelle gebaut, wat deemools e Faubourg vu Paräis war, an d'Aarbechten un den Haaptgebaier goufe vum Louvois un de Libéral Bruant weiderginn. De Bruant huet sech fënnef Häff virgestallt, zentréiert ronderëm dee gréissten, déi sougenannte Cour royale. D'Aarbechte sinn am Mäerz 1671 ugaangen an hu bis an de Februar 1677 gedauert, wat fir déi Zäit séier war. Déi éischt Pensionnäre konnte schonn am Oktober 1674 eraplënneren. D'Récksäit vum groussen Haff gouf awer schonn e Joer méi spéit nees zerstéiert, fir Plaz ze maache fir d'Fondatioune vum groussen Doum.

D'Kierch, déi de Bruant geplangt hat, huet dem Louis XIV. net gefall, a sou krut am Mäerz 1676 de Jules Hardouin-Mansart den Optrag sech dorëms ze këmmeren; hien huet och un de Pavillonen an der Entrée an un den Infirmerieë geschafft. De Bau vun dem reliéise Monument huet bal 30 Joer gedauert a gouf eréischt den 28. August 1706 fäerdeg. D'Gebai besteet eigentlech aus zwéin Deeler, och wa si architektonesch aneneen iwwerginn. Am Kiercheschëff ass déi sougenannten Église des soldats, an de Chouer ënnert der Kuppel gëtt Église du dôme genannt. 1873 goufen déi zwou Partië mat enger Glasscheif vunenee getrennt, fir den Ënnerscheed méi däitlech ze maachen.

Am Hôtel des Invalides waren, ausser der Kierch, nach eng Manufaktur fir Uniformen an eng Dréckerei, en Hospiz an e Militärspidol. D'Atelieren, déi am Ufank geplangt waren, goufe séier opginn, fir Plaz fir méi Kummeren ze maachen.

De 15. Juli 1804 koum et an der Kapell vun den Invalides zu der éischter Iwwerreechung vun der Légion d'honneur duerch den Napoleon fir seng Offizéier, dëst am Kader vun enger grousser offizieller Zeremonie.

Den Hôtel huet och fréi eng museographesch Fonctioun iwwerholl: 1872 gouf en Artilleriesmusée ageriicht an 1896 en historesche Waffemusée. 1905 goufen déi zwee zum Musée de l'armée zesummegeluecht.

Am Norde verlängert sech den Haff iwwert d'Limite vum Hôtel duerch eng grouss ëffentlech Esplanad wou een d'Ambassade vun Éisträich a Finnland an de Ministère des Affaires étrangères fënnt.

Um Enn vun der Esplanad kënnt ee bei der Seine unn, iwwert déi een iwwert d'Bréck Alexandre III bei de Petit an de Grand Palais kënnt.

Den Doum

D'Kapell vun den Invalides, déi d'Pensionnäre vum Hôpital des Invalides ophuele sollt, krut de Rang vun enger Kathedral. Si ass och de Sëtz vum franséischen évêque catholique aux Armées.

Am Doum ass den Napoléon an engem imposante Graf begruewen, zesumme mat senge Bridder Joseph a Jérome Bonaparte.

D'gëlle Kuppel vum Doum ass ee vun de groussen Unhaltspunkte vun der Paräisser Landschaft.

E militäresche Pantheon

Eng grouss Partie vu franséische Militären hunn hir lescht Plaz an den Invalides fonnt.

Personnage vum Ancien Régime an der Revolutioun:

  • de Marschall Turenne;
  • d'Häerz vum Vauban;
  • d'Häerz vum La Tour d'Auvergne, Held vun de Koalitiounskricher;
  • de Generol Marceau
  • de Rouget de Lisle, Auteur vun der Marseillaise.

Personnage vum Premier Empire:
Den Napoléon Bonaparte gouf de 15. Dezember 1840 ënner der Julimonarchie an d'Invalides bruecht; d'Männer un der Muecht hu versicht Partisane vum ale Keeser ze fannen (zu gläicher Zäit gouf och den Arc de triomphe de l'Étoile fäerdeggestallt). D'Äsche vum Napoléon goufen an e monumentale Sarkophag geluecht, deen an enger Krypta am Zentrum vun der Kapell Saint-Louis steet.

Säi Jong François Bonaparte (och ënner den Nimm Napoléon II, « l'aiglon » an Herzog vu Reichstadt bekannt) gouf 1940 als Geschenk vum Adolf Hitler u Frankräich hei bäigesat.

De Joseph an de Jérôme Bonaparte, Bridder vum Keeser, goufe laanscht Seite vum Sarkophag vum Napoleon begruewen.

Ronderëm d'Graf vum Napoléon Bonaparte leien och d'Genereel Duroc a Bertrand. am Invalidendoum]] Personnage vun de Weltkricher:

  • Ferdinand Foch
  • Louis-Hubert Lyautey
  • Philippe Leclerc de Hauteclocque
  • Jean-Marie de Lattre de Tassigny
  • Alphonse Juin
  • Robert Nivelle
  • Charles Mangin

D'Muséeën

1777 ass d'Galerie royale des Plans en relief aus dem Louvre an d'Invalides geplënnert, wou si bis haut bliwwen ass.

1871 koum de Musée de l'artillerie derbäi, wouvunner d'Kanounen haut d'Häff an d'Promenade vum Palais dekoréieren.

1896 gouf de Musée historique de l'Armée an d'Liewe geruff, dee mam Artilleriesmusée 1905 zum haitege Musée de l'Armée fusionnéiert huet.

Zënter dem Zweete Weltkrich, wou an den Invalides och e Resistenzréseau 1942 opgebaut gi war, sinn nach de Musée de l’Ordre de la Libération an de Musée d’histoire contemporaine derbäikomm.

Um Spaweck

Шаблон:Commons

An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
Eric Dallemagne
2 April 2017
The largest museum of military history in France, and 1 of the leading ones in the world. The collections are presented chronologically from Antiquity to the end of WW2.
Kate Davis
22 May 2015
Hotel des Invalides is well known for holding the Tomb of Napoleon but dont forget to appreciate the intricate architecture, the three other museums as well as the many historical cannons found around
Kate Davis
4 June 2014
Be sure to take your time to explore the many historical cannons in the courtyards as well as the tomb of Napoleon and the museums!
Nicholas
18 January 2017
This was probably the highlight of my visit to Paris. The chapel inside and the music they play in reverence to the fallen soldiers of France is moving. The historical armor collection is awesome.
Los Viajes de Pitu
14 April 2016
Es uno de los monumentos más importantes de París. Riqueza artística, imponente aspecto, y parte importante del pasado de la Armada francesa y a ofertas la sepultura de Napoleón. ????????????
J. Manuel V.
9 November 2014
Mexicano: busca la propaganda anti-nazi mexicana de la 2a guerra mundial y el águila azteca desgarrando la bandera nazi. Nunca he visto algo así en México. Muy interesante.
Luet méi Kommentaren
foursquare.com

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
Magnificent Studio Heart of Paris

fänken $87

Melia Paris Notre-Dame

fänken $678

Hotel Les Rives de Notre Dame

fänken $606

Hotel Le Notre Dame

fänken $299

Hotel Henri IV Rive Gauche

fänken $249

Hotel Esmeralda

fänken $99

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Tomb of Napoléon

Tomb of Napoléon ass eng touristesch Attraktioun, eng vun den Tombs

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Musée d'Histoire Contemporaine

The Musée d'Histoire Contemporaine is a museum of contemporary

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Musée de l'Armée

The Musée de l'Armée is a museum at Les Invalides in Paris, France. O

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Musée Rodin

The Musée Rodin in Paris, France, is a museum that was opened in 1919

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Hôtel Matignon

The Hôtel Matignon is the official residence of the Prime Minister of

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Zeď pro mír

Стіна Миру меморіал присвячений миру створений 30 березня 2000 року п

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Palais Bourbon

The Palais Bourbon, a palace located on the left bank of the Seine,

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Pont Alexandre III

Pont Alexandre III is an arch bridge that spans the Seine, connecting

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Nasseef House

Nasseef House or Nassif House (Arabic: بيت نصيف Bayt Nasseef) is a h

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Colorado State Capitol

The Colorado State Capitol Building, located at 200 East Colfax Avenue

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
White house

The White House is the official residence and principal workplace of

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Royal Hospital Chelsea

The Royal Hospital Chelsea is a retirement home and nursing home for

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Ardenwood Historic Farm

Ardenwood Historic Farm is a Regional Historic Landmark in Fremont,

Kuckt all ähnlech Plazen