Kolosseum

De Kolosseum (antiken Numm: Amphitheatrum Novum oder Amphitheatrum Flavium, it.: Colosseo) ass en Amphitheater zu Roum. Et ass dee gréisste vun der Welt, dee jee gebaut gouf an dee gréissten zouene Bau aus der réimescher Antiquitéit. E gouf tëscht 72 an 80 n. Chr. ënner dem Vespasian (gestuerwen 79) gebaut, fir doraner meeschtens brutal a grausam Spektakelen opzeféieren, déi déi fräi Bierger gratis konnte kucke goen.

Haut ass d'Ruin vum Bauwierk ee vun de Symboler vu Roum.

Beschreiwung

D'Gebai hat Plaz fir bis zu 50.000 Spektateuren. Et bestoung aus dräi Reien Arkaden, déi iwwerenee gebaut waren, zu jee 80 Béi. D'Zuschauer konnte bannent 15 Minuten, duerch 80 Entréen, direkt op hir Plaze goen, a bannent 5 Minutten nees all erausgoen.

De Kolosseum hat eng elliptesch Form a war 156 Meter breet an 188 Meter laang, mat engem Ëmfang vu 527 Meter an enger Héicht vun 48 Meter. D'Arena war 54 Meter breet a 86 Meter laang.

Bei den Ouverturesfeierlechkeeten, am Joer 80, déi iwwer 100 Deeg gedauert huinn, goufen et ë.a. Gladiatorekämpf, nogespillte Séischluechten (Naumachie) an Hetzen op wëll Déieren, vun deenen der eng 5000 an der Arena doutgemaach goufen.

Um Podium an der éischter Rei souzen d'Senatoren; de Keeser hat seng eege Loge, de (pulvinar). An der Reien driwwer huet d'"Dichtegkeet" vun de Leit ofgeholl, ganz uewen um Juck, dem Summum, waren d'Plaze fir dat einfacht Vollek. Ronderëm de baussechte Bord waren 240 Masten, op deenen e riisegt Velarium (stoffte Segel) opgezu konnt ginn, fir Schiet ze maachen.

De Buedem vun der Arena war aus hëlzenen Dunnen, déi jee no Gebrauch, ewechgeholl konnte ginn, z.B. fir se mat Waasser ze fëllen. Méi spéit goufe Kelleren agebaut, ë.a. fir Dekoren ze stockéieren,, déi mat Flächenzich erofgehuewe konnte ginn, a fir d'Gladiatoren an déi zum Dout Veruerteelt ënnerzebréngen. Drënner war d'Fëllemnt, dat 7 Meter déck war.

De Kolsseum war bal 450 Joer laang als Arena a Betrib, ausser tëscht 217 an 238, wéi en no engem Brand duerch e Blëtz renovéiert gouf. An de Joerhonnerten dono goufen ënnert den Arkaden an Gäng vum Kolosseum Wunnegen amenagéiert, an nodeems en duerch Äerdbiewen, 847 an 1349 schwéier beschiedegt gouf, goufen d'Steng geholl, fir anzwousch anescht verbaut ze ginn. Eréischt 1744 gouf de Kolosseum an engem Edikt vum Poopst Benedikt XIV. ënner Schutz gestallt (well dësen dovun ausgoung, dass do Dausende vu Chrëschten ëmbruecht gi waren). Am 19. Joerhonnert gouf domat ugefaangen, de Bau ze stabiliséieren an archäologesch ze analyséieren.

Den Numm Kolosseum geet op eng Kolossalstatu vum Keeser Nero zréck, déi no sengem Doud an eeng Statu vum Gott Sol ëmgewandelt an donieft opgeriicht gouf.

Literatur

  • Peter Connolly: Colosseum. Arena der Gladiatoren. Stuttgart 2005, ISBN 3-15-010551-X.
  • Giuseppe Lugli: Das Flavische Amphitheater. Bardi, Rom 1971.
  • Ulrich Sinn: Das Colosseum. Der Tod des Gladiators. In: Karl-Joachim Hölkeskamp, Elke Stein-Hölkeskamp (Hrsg.): Erinnerungsorte der Antike. Die römische Welt. Beck, München 2006, S. 419–437.
  • Erik Wegerhoff: Das Kolosseum. Bewundert, bewohnt, ramponiert. Wagenbach, Berlin 2012, ISBN 3-8031-3640-7.

Um Spaweck

' – Biller, Videoen oder Audiodateien
An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
Turismoroma.it
26 August 2019
Free entry to the first 2 visited museums and archaeological sites. Free admission includes exhibition in the museum. Reduced ticket to all other museums and/or archaeologic sites visited thereafter.
Luet méi Kommentaren
foursquare.com

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
Hotel Best Roma

fänken $463

Hotel Infinito

fänken $75

Daniela Hotel

fänken $66

Espana Hotel

fänken $88

Shiva B&B

fänken $64

B&B Manzoni Holidays

fänken $94

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Arch of Constantine

The Arch of Constantine (Italian: Arco di Costantino) is a triumphal

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Domus Aurea

The Domus Aurea (Latin for 'Golden House') was a large landscaped

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Santa Francesca Romana

Santa Francesca Romana, previously known as Santa Maria Nova, is a

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Arch of Titus

The Arch of Titus is a Pentelic marble triumphal arch with a single

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Moses (Michelangelo)

The Moses is a marble sculpture by Michelangelo Buonarroti 1513–1515 w

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
San Pietro in Vincoli

San Pietro in Vincoli (Saint Peter in Chains) is a basilica in Rome,

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Santi Giovanni e Paolo, Rome

Santi Giovanni e Paolo is an ancient basilica church in Rome, located

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Basilica di San Clemente

The Basilica of Saint Clement (italiano. Basilica di San Clemente al

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Amphitheatre of Pompeii

The Amphitheatre of Pompeii is the oldest surviving Roman

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Flavian Amphitheater (Pozzuoli)

The Flavian Amphitheater (Anfiteatro flaviano puteolano), located in

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Roman Theatre at Apamea

The Roman Theatre at Apamea (Arabic: المسرح الروماني بأفاميا‎

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Odeon of Herodes Atticus

The Odeon of Herodes Atticus is a stone theatre structure located on

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Red Rocks Amphitheatre

Red Rocks Amphitheatre is a rock structure in Red Rocks Park near

Kuckt all ähnlech Plazen