Krakatau

Krakatau (op Englesch och Krakatoa geschriwwen) ass eng Vulkaninsel an der Sunda-Stooss tëschent den indoneseschen Insele Sumatra a Java. De Vulkan ass am Laf vun de leschte Joerhonnerte méi dacks ausgebrach. Déi bekanntst Eruptioun war déi vum 27. August 1883. D'Insel huet deemools zu Nidderlännesch-Indien gehéiert.

Bei där Eruptioun gouf bal déi ganz Insel zerstéiert.

Nodeems et eng 200 Joer roueg ëm de Krakatau war, koum et den 9. Mee 1883 ëm Hallefnuecht zu engem Äerdbiewen an der Regioun. Den 20. Mee gouf et eng éischter méi kleng Eruptioun beim Krater Perbuwatan, dee mat Rakata an Danan ee vun den deemools dräi Vulkankeegelen vun der Insel war.

Den 22. a 26. August koum et zu weideren Eruptiounen. De 27. August koum schonn nees eng um 5h30, dunn eng um 6h44 an eng Drëtt um 8h20. Um 10h02 koum et dunn zu engem gewaltegen Ausbroch, bei deem allen dräi Keegelen aktiv waren. De Krakatau huet eng 20 km³ Äschen a Gestengs bis zu 25 km an d'Luucht geschleidert. D'Sprengkraaft gëtt op en Equivalent vun 200 bis 2.000 Megatonnen TNT geschat, 10.000 bis 100.000 Mol souvill wéi d'Atombommen, déi op Hiroshima an Nagasaki gehäit goufen.

D'ënnerierdesch Magmakummer ass séier eidelgelaf, an dann, ënner dem Gewiicht vum Plaong, an e Koup gefall. Dobäi si stënterlech d'Waassermasse vum Mier nogelaf, war sengersäits en Tsunami ausgeléist huet, deen op de Küste vun den Insele ronderëm Welle vu bis zu 40 Meter provozéiert huet, No der Flutwell koum en Äschereen a pyroklastesch Stréim – e gliddegt Gemësch aus Gasen, Äschen a Steng, déi sech mat enger Vitesse vu bis zu 400 km/h verbreet hunn an eng Temperatur vun 300 bis 800 °C haten.

Duerch dës elementar Gewalte goufen op den Insele ronderëm 165 Stied an Dierfer zerstéiert, an et sinn op d'mannst 36.417 Menschen ëm d'Liewe komm.

De Knuppert vun der Explosioun war sou haart, datt en nach 4.800 Kilometer wäit ewech op der Insel Rodrigues bei Mauritius ze héiere war. Duerch dÄschen déi sech an der Atmosphär verspreet hunn, goufen an den Deeg dono op der ganzer Äerd spektakulär Sonnenënnergäng observéiert, bei deenen den Himmel sech bluttrout gefierft huet, well d'Luucht sech an den Äsche gebrach huet. An de Joren dono ass duerch déi Äschen op der Nordhallefkugel d'Duerchschnëttstemperatur ëm 0,5 bis 0,8 °C erofgaangen.

Vun der Vulkaninsel ass sougutt wéi näischt méi iwreg bliwwen: zwee Drëttel waren am Mier ënnergaangen. D'Kegele vum Danan a vum Perbuwatan si komplett verschwonnen, a vun deem vum Rakata blouf just nach d'Hallschecht iwwereg.

Zënter 1927 entsteet op der Plaz vum deemolegen Ausbroch, duerch vulkanesch Aktivitéit, eng nei Insel, déi Anak Krakatau, "Kand vum Krakatau", genannt gëtt. Wéinst Wiederanomalien an de Joren 535/536 gëtt et eng Theorie, datt deemools, op derselwechter Plaz, e Virgänger vum Krakatau, de Proto-Krakatau, explodéiert war.

D'Krakatau-Eruptioun war déi zweetstäerkst an der Neizäit.

Literatur

  • Wilfried Schröder (1983): Der Krakatau-Ausbruch vor hundert Jahren. Geowissenschaften in unserer Zeit; 1, 5; 155-159;
  • Arno Schmidt: Krakatau, Reclam, Stuttgart 1975, ISBN 3-15-009754-1
  • Simon Winchester: Krakatoa – The Day The World Exploded: August 27, 1883., HarperCollins, New York 2003, ISBN 0-06-621285-5
  • Spektrum der Wissenschaft, 1/1984: Der Ausbruch von Krakatau
An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
Et sinn nach keng Tipps an Hiweiser fir Krakatau. Vläicht sidd Dir deen éischte fir nëtzlech Informatioune fir Matbierger Rees ze posten? :)

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
Grand Elty Krakatoa at Krakatoa Nirwana Resort

fänken $66

Hotel Mambruk Anyer

fänken $58

Sanghyang Indah Spa resort

fänken $40

Roby?s Villa MGA Mambruk

fänken $245

The Tirtha Arumdalu Hills

fänken $36

The Tirtha Arumdalu Villas

fänken $60

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Soekarno–Hatta International Airport

Soekarno–Hatta International Airport (Indonesian: Bandar Udara I

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Taman Prasasti Museum

Museum Taman Prasasti (Indonesian for Museum of Memorial Stone Park or

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Wisma 46

Wisma 46 is the tallest building in Indonesia.[] It is a 250m tall

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
National Museum of Indonesia

The National Museum of Indonesia (Indonesian: Museum Nasional), is an

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Istana Negara (Jakarta)

Istana Negara and Istana Merdeka are two palaces in the same complex

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Merdeka Palace

Merdeka Palace (Indonesian: Istana Merdeka) is a palace complex in

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Selamat Datang Monument

Selamat Datang Monument (Selamat Datang is Indonesian for 'Welcome'),

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
National Monument (Indonesia)

The National Monument (Indonesian: Monumen Nasional (Monas)) is a 422

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Shōwa-shinzan

Shōwa-shinzan (昭和新山, Shōwa-shinzan) is a volcanic lava dome in the Sh

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Sakurajima

Sakurajima (桜島), also romanized as Sakurashima or Sakura-jima, is an

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Vesuv

De Vesuv ass e Vulkan bei Neapel, an der Regioun Kampanien, Italien.

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Teide

Den Teide oder Pico del Teide ass e Vulkan op der Kanareninsel

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Poás Volcano

The Poás Volcano, in Spanish Volcán Poás, is an active st

Kuckt all ähnlech Plazen