Lanzarote ass déi nordëstlechst vu de siwe grousse Kanareschen Inselen, déi am Atlantik eng vu de siwenzeng autonomen Regiounen vu Spuenien bilden. Lanzarote läit ronn 140 Kilometer westlech vu der marokkaneschen Küst a ronn dausend Kilometer vum spueneschen Festland ewech. Bei enger Fläch vu 845,94 Quadratkilometer huet se e Flächenundeel vu 11,29 Prozent un der Gesamtfläch vu de Kanareschen Inselen.
Lanzarote gehéiert zu der spuenescher Provënz Las Palmas an zënter 1986 zu der Europäeschen Unioun. D'Haaptstad ass Arrecife, déi offiziell Sprooch Spuenesch. Lanzarote huet en eegenen Inselrot, den cabildo insular, deen vu der Manuela Armas presidéiert gëtt.
Lanzarote ass eng Insel mat vulkanescher Origine. Viru ronn 36 Milliounen Jore koum et zu enger Rei vu vulkaneschen Ausbréch ënnert dem Mier, déi de Sockel vu der Insel gebilt hunn. Viru 15,5 Millionen Joren ass Lanzarote iwwer d'Mieresiwwerfläch erausgewuess. Dat erkläert och, firwat de Buedem duerch de Lava bal iwwerall eng brong bis schwaarz Faarf huet.