Le Mont-Saint-Michel ass eng franséisch Gemeng mat 41 Awunner (Stand 2013) am Departement Manche an der Regioun Normandie. D'Gemeng existéiert zënter dem Joer 708 op der fielseger Insel Insel Mont Saint-Michel an der Baie du Mont-Saint-Michel am Wattemier vun der Normandie. D'Insel ass ronn ee Kilometer vun der Côte ewech an nëmme ca. 55.000 m² grouss (Ëmfang: ca. 830 Meter). Nobäi sinn d'Mündung vum Couesnon, d'Stad Avranches a an d'Grenz mat der Bretagne. D'Landschaft heescht Avranchin.
Ouni Konstruktioune wier d'Insel 92 Meter héich. Si ass belkannt fir déi befestegt Abtei Mont-Saint-Michel, déi d'Insel dominéiert an déi e Beispill ass fir normannesch Architektur (Bauufank: 1022). Am Klouschter hu bis an d'1960er Jore Benediktiner gelieft, zanter 2001 nees Patere vun de Gemeinschafte vu Jerusalem.
De Mont-Saint-Michel ass eng wichteg Toursitenattraktioun an der Géigend. Pro Joer gëtt e vu ronn 3,5 Millioune Leit besicht.
De Bierg a seng Bucht gehéieren zënter 1979 zu der UNESCO-Weltkultierfschaft Ausserdeem ass en och zanter 1998 Deel vun der Weltierfschaft Jakobswee a Frankräich.