D'Library of Congress, d'Bibliothéik vum US-Kongress zu Washington D.C. ass de facto d'Nationalbibliothéik vun den USA, a se ass geduecht fir de Membere vum US-amerikanesche Kongress Recherchen an all Wëssensgebidder z'erlaben.
D'Library of Congress ass eng vun de gréisste Bibliothéiken op der Welt. D'Kollektioune begräife méi wéi 29 Milliounen Bicher an anert gedréckte Material a 470 Sproochen, iwwer 58 Millioune Manuskripter, déi gréisst Sammlung vun ale Bicher, dorënner eng Gutenberg Bibel, iwwer eng Millioun Regierungspublikatiounen, eng Millioun Dageszeitungen aus der ganzer Welt aus de leschten dräi Joerhonnerten, 33.000 gebonne Bänn mat Zeitungen, eng hallef Millioun Mikrofilm-Spullen, iwwer 12 Millioune Fotoen a 4,8 Milliounen Pläng, Partitiounen a Kaarten. Dobäi kommen 2,7 Milliounen Tounopnamen.
Nodeem den US-President John Adams de Regierungssëtz vu Philadelphia op Washington D.C. verluecht hat, gouf d'Library of Congress de 24. Abrëll 1800 gegrënnt. Et goufen an deem Ament 5.000$ prettgestallt fir Bicher ze kafen a Raim auszestafféieren fir déi Bicher ze lageren. Um Ufank war d'Bibiliothéik am neie Kapitol ënnerbruecht. Nodeem d'Bibliothéik op 3000 Bicher koum, ass se 1814 vu britteschen Truppen a Brand gestach ginn.
Sou koum et, datt den déizäitege President Thomas Jefferson dem
Kongress seng eege Bibliothéik mat 6.487 Bicher zum Verkaf
ugebueden huet. De Kongress huet se fir 23.950 $ kaaft; dat war de
Grondstee fir eng national Bibliothéik.
De 24. Dezember 1851 koum et zu enger zweeter Katastroph, 35.000
Bicher an aner Dokumenter sinn an engem grousse Feier
verbrannt.
Haut ass d'Bibliothéik op dräi Gebaier verdeelt, alleguer zu Washington D.C.:
Enn 2005 huet d'Bibliothéik e kénge Plang ugekënnegt, d'World Digital Library, an där Bicher an all aner Dokumenter digital sollen erfaasst ginn, an op déi Manéier besser versuercht a besser disponibel solle ginn.