D'Monument um Mardasson oder de Mémorial du Mardasson ass e Monument um Hiwwel Mardasson bei Baaschtnech a Form vun engem fënnefzackege Stär, dat soll un déi 76.890 amerikanesch Zaldoten erënneren, déi an der Ardennenoffensiv hiert Liewe verluer hunn.
Eng ronn Galerie mat Saile vun 12 Meter Héicht mat engem
zentralen Atrium vun 10 Meter Duerchmiesser ginn dem Gebai d'Form
vun engem Tempel. An der Mëtt läit eng Plack mam Text:
POPULUS BELGICUS MEMOR 4. VII. MCMXLVI LIBERATORIBUS
AMERICANIS
Un de Mauere vun de Saile steet d'Geschicht vun der Battle of
the Bulge wéi d'Schluecht ëm Baaschtnech an Englesch-sproochege
Länner genannt gëtt, an d'Nimm vun deenen Unitéiten, déi dora
verwéckelt waren.
D'Nimm vun allen deemolegen US-Staate sinn a bronze Buschtawe laanscht d'Kroun vum Monument veréiwegt.
Ënner dem Memorial, mat der Entrée op der Säit, ass eng Krypta mat dräi Altär, engem kathouleschen, engem jiddeschen an engem protestanteschen. D'Mosaiken an der Krypta si vum franséische Kënschtler Fernand Léger, an de Plang ass vum Architekt Georges Dedoyard.
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Kapellen · Lancaster Memorial zu Wäisswampech
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf