| Dësen Artikel beschäftegt sech mam Hellegtum Olympia a Griicheland. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Olympia.
Olympia (gr.: Ολυμπία) war en Hellegtum zum Zeus zu Elis an och d'Plaz wou d'Olympesch Spiller vun der Antikitéit ausgedroë goufen.
Schonn am Mëttelhelladikum stoung op der Plaz vun der spéiderer Altis eng kleng Uertschaft. Aus mykenescher Zäit goufen allerdéngs nëmme vereenzelt Saache fonnt, wärend um Hiwwel westlech iwwer Olympia a mykenescher Zäit eng wichteg Uertschaft stoung. D'Kultplaz ass ëm d'10./9. Joerhonnert v. Chr. entstanen. D'monumental Baute kruten hir entgülteg Form allerdéngs eréischt am 4. Joerhonnert v. Chr.. Am Joer 426 huet den ostréimesche Keeser Theodosius II. d'Spiller a Fester op dëser Plaz verbidde gelooss, fir d'Heedentum ze bekämpfen.
D'Altis, den Hellegen Hiwwel vun Olympia, ass den Numm fir de Kärberäich vum Hellegtum vun Olympia. Eng vun den urspréngleche Kärzelle vum Kult op der Altis war de „Pelopion“, e Grawhiwwel aus der Bronzezäit, deen dem Herakles soll opgeschott hunn. Eng weider Keimzell vum Kult ass och eng Äerdspalt um Kronoshiwwel, wou d'Orakel suz, wat spéider dem Zeus gewidmet ginn ass. Dëst Orakel huet och nach an historescher Zäit eng Roll gespillt.
Шаблон:MéiInfo Am Hellegtum sinn eng Partie Tempelen an Altoer entstanen, op denen Affer bruecht goufen - de Pausanias schwetzt vun 69 Altoer. Am Norde stoungen op enger Terrass um Fouss vum Kronoshiwwel eng ganz Partie Schatzhaiser vu griichesche Poleis a westlech dovunner stoung de Prytaneion. Am Laf vun der Zäit gouf d'Altis duerch d'Kadoen ëmmer méi räich, a vill Monumenter goufe gebaut. D'Altis, den Temenos vun Olympia, krut am 4. Joerhonnert och eng Mauer mat warscheinlech fënnef Diren.
Baussent dem Temenos sinn eng Partie weider Baute fir d'Administratioun vum Hellegtum a fir d'Concoursen entstanen. De Buleuterion (6. Joerhonnert v. Chr.) war de Sëtz vum Olympesche Rot. Dat gréisste Gebai zu Olympia war de "Leonidaion", en Haus fir d'Gäscht aus dem 4. Joerhonnert v. Chr. wat a réimescher Zäit ëmgebaut ginn ass. Als Trainigsplaze fir d'Athlete gouf ët eng "Palästra" (3. Joerhonnert v. Chr.) a fir d'Liichtathleten e Gymnasion (2. Joerhonnert v. Chr.) mat engem grousse Propylon. Niewt dem Buedhaus aus griichescher Zäit goufen ënner de Réimer Therme gebaut. E Bau aus dem 5. Joerhonnert v. Chr. gouf als Atelier vum Phidias identifizéiert, an deem déi monumental Zeusstatu fir den Tempel gebaut ginn ass. Och de Stadion, wou d'Concoursen ofgehale goufen, loung baussent der eigentlecher Altis. Déi gréissten Anlag war den Hippodrom, deen awer duerch de Floss Alpheios ewechgespullt ginn ass, an net méi erhalen ass.
Den Tempel, deen als Heratempel bekannt ass, läit am Norddeel vun der Altis, an ass den eelste Peripteraltempel am Hellegtum an ee vun de fréien doreschen Tempelen a Griicheland. Op dëser Plaz stoung warscheinlech wéi esou dacks schonn eng eeler Kultplaz. Den Tempel gouf ëm 600 v. Chr., warscheinlech als Geschenk vun der triphylescher Stad Skillous gebaut. Eréischt méi spéit, nodeems 580 v. Chr. d'Kontroll iwwer Olympia un Elis gaange war, gouf den Tempel der Gëttin Hera gewidmet. Um Ufank vum 4. Joerhonnert gouf den Tempel duerch en Äerdbiewen zerstéiert, nat net méi opgebaut.
De Bau war um Stylobat 50,01 x 18,76 Meter grouss, an hat mat enger Rénghal vu 6 op 16 Sailen e laange Grondrëss. Dës Saile waren ufanks aus Holz a goufe spéider duerch Sailen aus Steen am Stil vun der Zäit ausgetosch. Dëst erklärt, wisou d'Saile komplett ënnerschiddlech ausgesinn. Nach wärend der Réimescher Keeserzäit konnt de Pausanias eng Holzsail am Opisthodomos fannen. D'Mauere waren um Sockelberäich aus Steel, an doriwwer an altertümlecher Weis aus Lehmzillen opgemauert. D'Mauerzongen, d'Anten, ware mat Holzbrieder verkleed, fir d'Lehmmaueren ze schützen. E sougenannte Lakoneschen Daach loung iwwer dem Ganzen. D'Giewel goufen duerch Akroteren aus Toun gekréint, déi en Duerchmiesser vun 2,5 Meter haten, a jeweils aus engem Deel gebrannt waren.
De Pausanias erzielt och vun zwee Kultbiller am Tempel selwer : op engem dovunner souz d'Hera, op deem anere stoung den Zeus. Den Tempel gouf ausserdem benotzt, fir déi vill Gëtterbiller a Geschenker ze lageren. Ee vun de wéinege Géigestänn, déi haut nach erhale sinn, ass den Hermes Praxiteles. Am Heratempel stoung och en Dësch, op deen d'Kränz fir d'Gewënner geluegt goufen. Hautzudags gëtt beim Heratempel d'Olympescht Feier ugefaangen.
Tëscht 470 v. Chr. a 456 v. Chr. huet de Baumeeschter Libon den Zeustempel an doreschem Stil gebaut. De Rénghalentempel mat senge 6 op 13 Sailen war um Stylobat 64 op 28 Meter grouss, an zielt zu de wichtegste Bauwierker vun der fréiklassescher Architektur. D'Giewele ware mat Marberskupture besat. Op der Ostsäit vum Tempel war d'Thema eng lokal Seechen - d'Course tëscht dem Oinomaos an dem Pelops - duergestallt. Den Zeus erschéngt an der Mëtt als Schicksalsbestëmmer : hie kuckt no riets op de Pelops, deen d'Course gewonnen huet. Op der Westsäit vum Tempel ass de Kampf vun de Lapithen géint d'Kentauren duergestallt. D'Metopen iwwer Pronaos an Opisthodom weise Relieffer vun den zwielef Aufgabe vum Herakles. An der Cella stoung déi iwwer 12 Meter héicht Zeus-Statu vum Phidias aus Gold an Elfebeen, déi an der Antikitéit zu de Siwe Weltwonner gezielt gouf.
Шаблон:MéiInfo A byzantinescher Zäit gouf de Bau als Kierch weiderbenotzt. Am 6. Joerhonnert gouf d'Gebai duerch den Äerdbiewe bis op d'Grondmaueren zerstéiert.
De Station gouf no Ausgruewungen am Joer 1961 restauréiert, an a seng Form vum 4. Joerhonnert v. Chr. bruecht (Stadionphas III). Vis-à-vis vum ale Stadion (II) war ët ëm 75 m no Nordoste verréckelt ginn. Déi gesamt Anlag vum Stadion war 213 Meter laang. D'Längt vun der Lafbunn waren ëm déi 192,28 Meter, hir Breed war tëscht 31 an 32 Meter. D'Lafbunn war vun einfache Grashiwwelen ëmginn, op dene 450.000 Zuschauer eng Plaz fonnt hunn. Aus Stee gouf ët nëmmen eng kleng Tribün, déi fir d'Arbitteren an d'iewescht Paschtéierin vum Heratempel reservéiert war. Si war och déi eenzeg Fra, déi bei de Spiller duerft derbäisinn. D'Athlete sinn duerch e Gank dee vun der Altis komm ass, an de Stadion komm. Bei Concourse gouf a Richtung Zeusaltoer d.h. a Richtung Altis gelaf.
Schonn de 14. August 1723 huet de Bernard de Montfaucon an engem Bréif un de Quirini, den Äerzbëschof vu Korfu, deen als Kenner vun der Antikitéit bekannt war, ëm Ausgruewen zu Olympia gebieden.
1766 huet den engleschen Theolog Richard Chandler d'Plaz besicht. De Johann Joachim Winckelmann huet 1768 éischt Pläng gezeechent, an zu Olympia ugefaange mat gruewen, mee konnt seng Arbechten awer net fortsetzen, well hie fréizäiteg gestuerwen ass. De Fransous Fauvel huet 1787 eng éischt topographesch Skizz an eng Beschreiwung vun der Géigend erausginn. Englesch Archeologen hunn sech elo och fir de Site interesséiert, dorënner de Leake (1805) an den Dodwell (1806), déi kleng Ausgruewunge bei den Iwwerreschter vum Zeustempel virgeholl hunn. 1811 sinn de Cockerell, an 1813 de Lord Spencer Stanhope op Olympia komm, fir eng topographesch Kaart ze zeechnen. Eng Grupp vu franséische Geléierten huet 1829 grouss Deeler vum Zeustempel fräigeluegt. .]] Zu systemateschen Ausgruewunge vu weidere Beräicher koum ët duerch d'däitsch Ausgruewunge vun 1875 an 1881 zu denen d'Archeologen Ernst Curtius a Friedrich Adler gehéiert hunn. D'Leedung op der Plaz huet dacks gewiesselt. D'Archeologe Gustav Hirschfeld an Adolf Boetticher sinn am Dall u Malaria krank ginn. Spéider hunn och d'Archeologe Georg Treu, Adolf Furtwängler a Karl Purgold, souwéi d'Architekte Richard Bohn a Wilhelm Dörpfeld zu Olympia gegruewen. Déi ausféierlech Beschreiwung vum Pausanias aus dem 2. Joerhonnert huet ët erméiglecht, bal all d'Gebaier z'identifizéieren. En neie Musée gouf op der Ausgruewungsplaz gebaut, fir d'Fondstécker ënnerzebréngen. Bis 1897 goufe grouss wëssenschaftlech Publikatioune vun der Ausgruewung virgeluegt.
D'Gruewunge goufe spéider duerch d'Däitscht Archeologescht Institut ee Joer no den Olympesche Spiller zu Berlin (1936) nees opgeholl, an dauere mat Ënnerbriechunge bis haut. 1961 gouf de Stadion ausgegruewen a restauréiert. D'Ausgruewunge stinn zënter 1975 ënner der Leedung vum Helmut Kyrieleis.
Шаблон:Weltkulturierfschaften a Griicheland
Шаблон:LinkPortalHellenopedia