De Panthéon (Gr. παν pan "alles" an θεός theós "Gott") ass en neo-klassizistescht Bauwierk zu Paräis um Hiwwel vun der hl. Geneviève, an deem grouss Personnagen aus der franséischer Geschicht begruewe leien (ausser de Militär déi normalerweis an den Invalide leien).
D'Gebai gouf als Kierch vun der mächteger Abtei Sainte-Geneviève
geplangt, an am Opdrag vum Kinnek Louis XV. an de Joren 1764 bis
1790 vum Architekt Jacques-Germain Soufflot (1713–1780) a senge
Schüler gebaut, mat als Grondrëss d'Form vun engem griichesche
Kräiz a mat enger Kuppel wéi déi vum Pantheon zu Roum (no deem de
Panthéon och benannt ass). Kuerz nodeems d'Kierch fäerdeg war gouf,
hunn d'franséische Revolutionairen eng sekularer Gedenkplaz draus
gemaach. Ënner dem Gebai ass dowéinst keng Krypta am eigentleche
Sënn, mee eng Abberzuel vu Gäng mat enger sëlleche Kapellen, an
deene bestëmmt historesch Perséinlechkeete gewierdegt ginn.
Nëmmen an Ausnamefäll gi Verstuerwener direkt no hirem Doud am
Panthéon begruewen, wéi z. B. de Victor Hugo an de Marie
François Sadi Carnot. Virschléi fir an de Panthéon opgeholl ze gi
ginn der Nationalversammlung ënnerbreet. Déi definitiv Decisioun
doriwwer kann awer just de franséische President huelen.
Geschicht
Zënter dem 5. Joerhonnert stoung op där Plaz eng éischt Kierch,
an där d'Geneviève vu Paräis (423-502), d'Patréinesch vun der Stad,
begruewe war. Déi gouf zweemol duerch en Neibau ersat, an zënter
dem 17. Joerhonnert wollten d'Genovevianer-Pateren alt nees eppes
méi Representatives dohinnersetzen. Se hu sech awer nach misse
gedëllegen, well et war eréischt de Kinnek Louis XV. deen d'Uerder
fir de Bau vun der neier Kierch ginn huet, als Merci well e sech
vun enger schwéierer Kränkt nees erkritt hat.
Kuerz nodeems d'Kierch mat där imposanter Kuppel 1790 fäerdeg
gouf hunn déi franséisch Revolutionaire s'als "Pantheon" zu enger
nationaler Hal fir gloriéis Leit profanéiert.
De Panthéon huet awer och dem Physiker Léon Foucault gehollef,
de 26. Mäerz 1851 mat deem no him benannte Pendel den empiresche
Nowäis vun der Äerdrotatioun z'erbréngen.
Am 19. Joerhonnert gouf de Pathéon nach zweemol ëmgewidmet, am
Empire vun der Gloireshal zréck als Kierch, an 1885 vun der Kierch
nees an eng national Gloireshal vun de Fransousen.
Griewer
vu bedeitende Perséinlechkeeten (alphabetesch)
- Marcellin Berthelot (1827–1907) a seng Fra Sophie,
Chemiker
- Claude Louis Berthollet (1748–1822), Chemiker an Dokter
- Marie François Xavier Bichat (1771–1802), Dokter
- Louis Antoine de Bougainville (1729–1811), Weltëmsegler
- Louis Braille (1809–1852), Erfinder vun der Blanneschrëft
- Pierre Brossolette (1903–1944), Resistenzler
- Lazare Nicolas Marguerite Carnot (1753–1823), Politiker a
Wëssenschaftler
- Marie François Sadi Carnot (1837–1894), Politiker
- René Cassin (1887–1976), Auteur vun der Universal-Deklaratioun
vun de Mënscherechter
- Marie Curie (1867–1934), Chemikerin a Physikerin
- Pierre Curie (1859–1906), Physiker
- Georges Cuvier (1769–1832), Naturfuerscher
- Jacques-Louis David (1748–1825), Moler
- Alexandre Dumas (1802–1870), Schrëftsteller
- Félix Éboué (1885–1944) Kolonialadministrateur, deen éischte
Schwaarzen, deen eng Gouverneursplaz an der fr. Kolonialverwaltung
krut
- François Fénelon (1651–1715), Geeschtlechen a
Schrëftsteller
- Geneviève de Gaulle-Anthonioz (1920–2002), Resistenzlerin (eng
Niess vum Generol Charles de Gaulle)
- Victor Hugo (1802–1885), Schrëftsteller, Politiker,
Zeechner...
- Jean Jaurès (1859–1914), Philosoph a Politiker
- Jean Lannes (1769–1810), Marschall vum Napoléon I. (Éischt
Keeserräich vun de Fransousen)
- Joseph Louis Lagrange (1736–1813), Mathematiker an
Astronom
- Paul Langevin (1872–1946), Physiker
- Chrétien-Guillaume de Lamoignon de Malesherbes (1721–1794),
Politiker
- André Malraux (1901–1976), Schrëftsteller, Kulturphilosoph a
Minister
- François Séverin Marceau (1769–1796), Revolutiounsgenerol
- Gaspard Monge (1746–1818), Mathematiker a Physiker, Grënner vun
der École polytechnique
- Jean Monnet (1888–1979), Geschäftsmann, héije Beamten an
Inspirator vum Plan Schuman an domat vun der C.E.C.A.
- Jean Moulin (1889–1943), Prefekt a Chef vun der Resistenz am
occupéierte Frankräich
- Jean-Baptiste Perrin (1870–1942), Physiker
- Jean-Jacques Rousseau (1712–1778), Philosoph a preromantesche
Schrëftsteller
- Victor Schœlcher (1804–1893), Politiker, Kämpfer fir d'Fräiheet
vun de Sklaven
- Germaine Tillion (1908–2008), Resistenzlerin
- Voltaire (1694–1778), Philosoph, Historiograph an Auteur
(Tragödien, Gedichter, Romaner...)
- Jan Willem de Winter (1761–1812), franséischen Admirol a
Marschall mat hollännesche Wuerzelen
- Jean Zay (1904–1944), Resistenzler
- Émile Zola (1840–1902), Schrëftsteller a grouss Figur vun den
Dreyfusards
De Revolutiounsféierer Mirabeau gouf de 4. Abrëll 1791 als
éischten an der Gloireshal vun der franséischer Republik bäigesat,
mä nodeems datt bekannt gouf datt e Verbindungen zum Kinnekshaus
hat, gouf e 1794 nees erausgeholl. Den 11. Juli 1791 sinn dem
Voltaire seng Schanken an de Panthéon komm, déi och nach bis haut
do leien. Véierte war de Jakobiner Jean-Paul Marat, mä e puer Méint
drop ass och hee posthum an Ongnod gefall an nees erausgeholl
ginn.
Net am Panthéon sinn den Napoléon Bonaparte, deen als fréiere
Keeser am Invalidendoum läit,
an de Generol Charles de Gaulle, President vun der franséischer
Republik (1958-1969), deen um Kierfecht vu
Colombey-les-Deux-Églises begruewen ass, wou e säi Familljesëtz
(La Boisserie) hat.
Literatur
- Olivier Le Naire (ënner der Leedung vum), Entrez au
Panthéon! - À la redécouverte de notre histoire; Paräis
(L'Express & Omnibus), 2015; 145 Säiten. ISBN
978-2-258-11696-2
- Denis Bocquet,
Panthéon ou église Sainte-Geneviève: les ambiguïtés d'un monument
(1830-1885), Paräis Sorbonne, 1992.
- François Macé de Lépinay. Peintures et sculptures du
Panthéon, Éditions du Patrimoine, 1997.
- Jean-François Decraene, Dictionnaire des gloires du
Panthéon; Paräis (Éditions du Patrimoine), 2015.
- Edouard Leduc, Dictionnaire du Panthéon de Paris,
Éditions Publibook, 2013.
-
Soufflots Sainte-Geneviève und der französische Kirchenbau
des 18. Jahrhunderts. In: Universität München.
Kunsthistorisches Seminar (Editeur): Neue Münchner Beiträge zur
Kunstgeschichte. Band 2, de Gruyter, Berlin 1961, S. 183.
Um
Spaweck
|
' – Biller, Videoen oder
Audiodateien
|