D'Péiter-a-Paul-Festung (ru.:Петропавловская крепость/Petropawlowskaja krepost) ass eng Festungsanlag aus dem fréien 18. Joerhonnert. Si läit op der Hueseninsel, an der Newa, an ass den Urspronk an den historeschen Zentrum vun der Stad Sankt Péitersbuerg. 1703 hat de Péiter de Groussen den Uerder gi fir se ze bauen, fir dës strategesch wichteg Plaz virun engem méigleche schwedeschen Ugrëff besser ze schützen.
Haut sinn do virun allem Ausstellungen a Muséeën. Si gëtt dowéinst vill vun Touriste besicht, ma och d'Leit vu Sankt Péitersbuerg ginn do gär en Tierchen trëppelen.
D'Festung ass den zentralen Deel vum historeschn Zentrum, dee vun der UNESCO als Weltkulturierfschaft deklaréiert gouf.