De Prado (Museo Nacional del Prado) steet zu Madrid a Spuenien an ass ee vun de gréissten a bedeidenste Konschtmuséeë vun der Welt.
Dës Pinakothek ass en harmonesche klassizistesche Bau vum Juan de Villanueva an ass och wéinst sénger Lag a sénger Architektur eemoleg.
De Ferdinand VII. huet 1819 aus dësem Gebai e Musée gemacht an huet 311 Wierke dran ausgestallt. All d'Herrscher zu der Zäit, wéi d'Habsburger an d'Bourbonnen waren grouss Sammler an och duerch Stëftungen an Neiegkeeten koum mat der Zäit nach villes dobäi.
Zur Zäit vum Keeser Karl V. huet säi Lieblingsmoler den Tizian vill Biller fir hie gemolt. Iwwer 30 Wierker sinn am Prado ausgestallt, dorënner e Porträt vum Karl V. mat sénger Dogg an no der Schluecht vu Mühlberg.
Nieft dem Tizian huet de Prado och vill Wierker vum Hieronymus Bosch (El Bosco) ausgestallt.
1968 ass de Musée un de Staat iwwergangen.
De Prado, eigentlech als Konscht- a Skulpturemusée geduecht, verfügt am Moment awer och iwwer wichteg Biller (méi wéi 5000), Gravéierungen (2000 Stéck), dekorativ Konschtwierker (ca 200 Stéck) a Mënzen a Medailen (ca 1000). Skulpture ginn et der hei méi wéi 700 Stéck an Tableauen 8600 Stéck. All dës Kollektiounen déi do aushänken sinn no dësem Schema ausgestallt:
Am risegen Haaptsall sinn di ganz Wierker vun de spuenesche Kënschtler aus dem 17. Joerhonnert, de José de Ribera an de Bartolomé Estéban Murillo, mat hire reliéisen Themen, ausgestallt. Um Enn vum Sall fënnt een hei awer och nach dem Goya séng Famill vum Karl IV.
Lénks vum Haaptsall hänken haaptsächlech Portraite vum Velázquez, nieft Wierker vun hollänneschen a flämesche Kënschtler. Wuel bekannteste vun dëse Moler ass de Pieter Paul Rubens, den hei och staark vertrueden ass.
Am Sous-sol ass den Haaptsall vun den italienesche Kënschtler aus dem 15. a 16. Joerhonnert, a verschiddenen däitsche Moler, wéi den Albrecht Dürer.