D' Pravčická brána (de: Prebischtor) ass eng natierlech Bréck aus Sandsteen an der Béimescher Schwäiz, op der tschechescher Säit vum Naturpark Béimesch-Sächsesch Schwäiz.
Si ass als Naturmonument klasséiert an déi gréisst vun hirer Zort an Europa. Si huet eng Spanwäit vu 26,5 m, ass 16 m héich, 8 m breet an de Bou huet eng Stäerkt vun 3 m.
1826 gouf niewendrun e Wiertshaus opgeriicht. 1881 huet de Fürst Edmund von Clary-Aldringen sech do den Hotel "Falkennest" (tschechesch: Sokolí hnízdo) mat 50 Better opriichte gelooss.
Bis 1982 konnt een iwwer d'Bréck goen; wéinst der staarker Erosioun duerch d'Getrëppels ass dat awer zanterhier net méi méiglech. Den Terrain vun der Pravčická brána ass, zesumme mam Hotel a Privatbesëtz, et muss een Entrée bezuelen, fir dohin ze kommen.
Vu Hřensko aus féiert e Wanderwee dohinner.
E puer Landschaftsopname vum Film The Chronicles of Narnia: The Lion, the Witch and the Wardrobe (2005) goufen do gedréint. Am Film goufen d'Schauspiller an d'Szeen duerch CGI akopéiert, wéi wann s'iwwer d'Paart géifen trëppelen.
' – Biller, Videoen oder Audiodateien |