San Lorenzo el Real de El Escorial ass dat gréisste Renaissance-Gebai iwwerhaapt no bei der spuenescher Uertschaft El Escorial, 60 Kilometer nordwestlech vu Madrid. D'Gebaier leien op 40° 35' 30" Nord a 4° 09' 00" West.
An der Bibliothéik vum Klouschter gëtt ënnert anerem deen zu Iechternach gemoolt a geschriwwene Codex Aureus Escorialensis versuergt.
No der Victoire iwwer d'Fransousen war de spuenesche Kinnek Felipe II. op der Sich no enger Plaz fir e Gebai bauen ze loossen, dat un d' Schluecht vu St. Quentin, déi um Tag vum hellege Luerenz geschloe gouf, sollt erënneren an dat als Pantheon fir seng Virgänger sollt déngen. Eng Hickecht vun Architekten, Theologen, Astrologen a Philosphen huet sech schlisslech op d' Sierra del Guadarrama op enger Héicht vun 1055 Meter iwwer NN gëeenegt. Nodeems d' Pläng vum Archtekt Juan Bautista de Toledo ugeholl goufen, ass 1563 mam Bau, deen 21 Joer dauere sollt, ugefaange ginn. De Juan de Herrera war mam Juan Bautista de Toledo den Haaptarchitekt vum Escorial.
Um Enn vum 19. Joerhonnert gouf de Real Centro Universitario Escorial-María Cristina vun der deemoleger Kinnigin Maria Cristina von Habsburg gegrënnt.
De Real Coliseo de Carlos III gouf vum franséischen Architekt Jaime Marquet opriichte gelooss an 1771 ageweit. Nodeems dat Gebai eng Zäit als Kinossall gebraucht gouf, ass et hautesdaags eng Zort Centre culturel fir Theateropféierungen a Concerten.
D' Real Monasterio de San Lorenzo de El Escorial, dat ganz aus Granit gebaut gouf, ass zënter 1984 op der UNESCO-Lëscht vun der Weltierfschaft.