De Royal Greenwich Observatory, deen als Aarbechtsplaz fir de kinniklechen Haffastronom erbaut gouf, luch ursprénglech op engem Hiwwel am Greenwich Park zu Greenwich, London, vu wou een d’Themse konnt gesinn. D’Observatoire, genaugeholl de Mëttelpunkt vum Teleskop am Observatoire, gouf als Bezéiungspunkt fir d’Festleeung vum Nullmeridian a soumat de Längegrade gebraucht. Hie gëtt am banneschten Haff duerch ee Messengsträifen markéiert an zënter dem 16. Dezember 1999 beliicht e staarke grénge Laser d’Linn, déi an der Nuecht no Norden duerch London an Essex liicht.
Den Observatoire gouf den 22. Juni 1675 vum Kinnik Charles II vun England gegrënnt an de Bau an Optrag ginn. D’Flamsteed House (1675 - 1676), den ursprénglechen Deel vum Observatoire, gouf vum Sir Christopher Wren konstruéiert a war dat éischt Fuerschungsinstitut a Groussbritannien, dat speziell fir dësen Zweck gebaut gouf.
Well de moderne Nullmeridian vum haitege gebräichleche Koordinatensystem WGS84 net méi uertsfest un d’Äerduewerfläch gebonnen ass, a well de Geoid am Laf vun der Zäit e puer Mol geännert gouf, geet den aktuellen Nullmeridian ronn 100 m ëstlech laanscht den Observatoire.