Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg

D'Universitéit vun Heidelberg (offiziell Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg, op Latäin: Ruperto Carola) ass eng Universitéit vum Bundesland Baden-Württemberg zu Heidelberg. Si ass 1386 gegrënnt ginn an domat déi eelst Universitéit an Däitschland an eng vun den eelsten Universitéiten an Europa.

D'Universitéit ass an zwielef Fakultéiten organiséiert an déi meescht geleefeg Fächer vun enger klassescher Universitéit ginn ënnerriicht.

Am Wantersemester 2017/18 waren 29.689 Studenten ageschriwwen an et hu ronn 500 Professeren ënnerriicht.

D'Universitéit Heidelberg hëlt un der Exzellenzinitiativ vum Bund ("Eliteuniversität") deel an ass Grënnungsmember vun der Liga vun den Europäesche Fuerschungsuniversitéiten (LERU), souwéi vum Coimbra-Grupp. Si gëtt mat 56 Nobelpräisdréier assoziéiert a steet domat a ganz Däitschland op Plaz 1. Ronn 18% vun de Studente sinn aus dem Ausland. Am internationale Verglach steet si op Spëtzeplazen a profitéiert vun enger héijer akademescher Reputatioun.

Grënnung

Mam Accord vum Poopst Urban VI. huet de Kurfürst Ruprecht I. am Joer 1386 d'Ruperto Carola gegrënnt, fir sengem staark verspreeten Territorium, der Pfalz um Rhein, e geeschtege Mëttelpunkt ze ginn a fir Friemer unzezéien. Am Kontext vum Groussen abendländesche Schisma wollt d'Pfalz och selwer Kierchen- a Staatsdénger am eegene Land ausbilden: Absolvente vun der Paräisser Sorbonne, déi zum Poopst zu Avignon gehalen hunn, konnten net an der Pfalz, déi sech fir de Poopst zu Roum ausgeschwat huet, um kierchlechen Déngscht deelhuelen. Doduerch ass do onbedéngt eng Theologenausbildung gebraucht ginn.

Um 1. Oktober 1386 gouf de Stëftungsakt ausgeschafft. Den 18. Oktober huet de Studium Generale mat enger Helleger Mass ugefaangen, den Dag drop goufen dunn déi éischt Virliesungen ofgehalen. Den Optrag fir e sëlwer Sigel ass och op den 18. Oktober zréckzeféieren. Bis haut ass d'Bild vun dësem Sigel am Logo vun der Universitéit ze fannen. Déi éischt Proffe vun der jonker Heidelberger Uni koume vu Paräis a Prag. Si ware virun der Kierchespaltung an dem Nationalitéitekampf aus hirer Heemecht an d'séchert Ausland geflücht, eben op Heidelberg. Den éischte Rekter vun der Heidelberger Universitéit war de Marsilius vun Inghen, dee virdrun op der Sorbonne ënnerriicht hat. Fir laang Zäit gouf zu Heidelberg ausschliisslech d'philosophesch Richtung vum Nominalismus ënnerriicht.

Am Ufank hat d'Universitéit mat engem grousse Manktem u Raimlechkeeten ze kämpfen; d'Virliesunge goufen am Augustiner- a Franziskanerklouschter ofgehal. Méi Raimlechkeete krut d'Universitéit dunn, wéi de Kurfürst Ruprecht II. d'Judden aus Heidelberg verdriwwen huet an déi fräi Gebaier der Universitéit iwwerlooss huet. D'Synagog gouf zur Mariekapell ëmfonktionnéiert a gouf als Auditoire benotzt. D'Finanzéierung huet de Kurfürst Ruprecht III. mat der Grënnung vum Helleggeeschtstëft garantéiert. D'Helleggeeschtkierch war gläichzäiteg d'Universitéitskierch, bis am 19. Joerhonnert d'Péitruskierch déi Funktioun iwwerholl huet.

Raimlech Situatioun

D'Unisgebaier sinn iwwert d'Heidelberger Alstad, de Quartier Bergheim an dat sougenannt Neuenheimer Feld verdeelt.

Haut ass d'Universitéit raimlech opgedeelt: D'Naturwëssenschaften, d'Sportwëssenschaft an déi meescht Deeler vun der Medezin sinn um Neuenheimer Feld, de Gros vun de Geeschteswëssenschaften, souwéi d'Rechtswëssenschaften hunn hir Plaz an der Heidelberger Alstad, genee sou wéi d'Rektorat an d'Universitéitsverwaltung. D'Wirtschafts- an en Deel vun de Sozialwëssenschafte sinn zënter dem Fréijoer 2009 um neigegrënnte "Campus Bergheim". D'Universitéit besëtzt doriwwer eraus nach verschidde Grondstécker uechter d'Stad an an der noer Ëmgéigend. Sou sinn zum Beispill ënnert anerem zéng Gebaier vun der Fakultéit fir Physik an Astronomie um Philosophewee. D'Rektorat an den Universitéitsmusée sinn an der Aler Universitéit op der Universitéitsplaz ënnerbruecht.

An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
Et sinn nach keng Tipps an Hiweiser fir Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg. Vläicht sidd Dir deen éischte fir nëtzlech Informatioune fir Matbierger Rees ze posten? :)

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
Hotel Europäischer Hof Heidelberg

fänken $265

Crowne Plaza Heidelberg City Centre

fänken $281

Hotel Bayrischer Hof

fänken $68

Hotel Heidelberger Hof

fänken $139

The Heidelberg Exzellenz Hotel

fänken $172

Leonardo Hotel Heidelberg City Center

fänken $176

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Old Bridge (Heidelberg)

The Karl Theodor Bridge (German: Karl-Theodor-Brücke), commonly known

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Heidelberg Castle

The Heidelberg Castle (in German language named: Heidelberger Schloss)

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Heidelberg Zoo

Heidelberg Zoo is a zoo in Germany which was founded in 1933 and

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Hockenheimring

The Hockenheimring Baden-Württemberg is an automobile racing track

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Mannheim Palace

Mannheim Palace (German: Mannheimer Schloss) in Baden-Württemberg,

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Yavuz Sultan Selim Mosque

The Yavuz-Sultan-Selim mosque in Mannheim, Germany, named for Selim I,

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schloss Eichtersheim

Schloss Eichtersheim, formerly also Schloß Eichtersheim is a manor

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Speyer Cathedral

The Speyer Cathedral, officially the Imperial Cathedral Basilica of

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
University of Helsinki

The University of Helsinki (Finnish: Helsingin yliopisto, Swedish:

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
University of Tokyo

The University of Tokyo (東京大学, Tōkyō daigaku), abbreviated as Todai

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Sofia University

The St. Clement of Ohrid University of Sofia or Sofia University

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Charité

The Charité - Universitätsmedizin Berlin is the medical school for b

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Ghent University

Ghent University (in Dutch, Universiteit Gent, abbreviated UGent) is

Kuckt all ähnlech Plazen