D'Sagrada Familia, mam vollen Numm Temple Expiatori de la Sagrada Família, läit am Distrikt Ensanche zu Barcelona a Spuenien an ass dat lescht an dat aussergewéinlechst Wierk vum kataloneschen Architekt Antoni Gaudí.
Laang stoung vun dësem Gebai nëmmen d'Ostfassad mat hire véier Tierm. De Bau vun dësem Gebai war de Juli 1936 wéinst dem spuenesche Biergerkrich, ënnerbrach ginn.
Déi éischt Pläng vun 1875 waren op der Basis vun der Loretobasilika an Italien gemaach ginn. 1877 huet de Francisco de Paula del Villar i Carmona deen Architekt vun dem Bistum Barcelona war, a schonns mat sengem Papp dem Francisco de Paula del Villar i Lozano am Klouschter zu Montserrat, geschafft hat, offréiert fir d'Pläng op seng eege Käschten z'iwwerschaffen .
Den 19. Mäerz 1882 gouf de Grondsteen no de Pläng vum Villar geluecht.
No der Demissioun vum Villar den 3. November 1883 huet den Antoni Gaudi d'Wierk dat hie säi ganzt Liewe sollt beschäftegen, weidergefouert.
Vun 1884 - 1887 gouf um Bau vun der Krypta geschafft, an 1885 gouf d'Jousefskapell geweit.
1898 huet de Gaudi decidéiert d'Pläng vun den Tierm ze änneren, an déi an engem Krees opzeriichten.
D'Ostfassad gouf tëscht 1891 an 1900 gebaut.
D'Haaptdecoratiounen op der Ostfassad waren 1900 fäerdeg an d'Tierm ware bis op eng Héicht vun 32 Meter eropgebaut.
Vun 1906 un geet et wéinst Geldschwieregkeete mam Bau nëmme méi lues weider, an 1914 war dunn den Uewe ganz aus an et et ass mat Bauen opgehale ginn. Et gouf awer nach e Modell vum Gebai realiséiert. Bis dohinner hat dat Ganzt 3,3 Milioune Pesetas kascht.
Duerno goung et erëm lues weider an den 30. November 1925 gouf den éischten Tuerm fäerdeg an e gouf dem Hellege Barnabus geweit.
Wéi de Gaudi 1926 gestuerwen ass gouf hien an der Krypta bäigesat.
Tëscht 1927 an 1930 goufen déi lescht dräi Tierm vun der Ostfassad fäerdeg gebaut.
E Feier an der Krypta huet 1936 eng Parti vun den Archiven an dem Gaudi seng Modeller zerstéiert.
An der Zäit vum Spuenesche Biergerkrich, an duerno gouf och net dru geschafft, an et gouf eréischt an de fofzeger Joren erëm domatter weidergefuer.
Esou gouf 1954 mat de Fëllementer fir d'Westfassad ugefaangen, an 1976 goufen d'Spëtze vun de Westtierm fäerdeggebaut. 1985 war och d'Westfassad fäerdeg.
2005 goufen Chrëschtfassad an d'Krypta vun der Sagrada Familia vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltkulturierfschafte ënnert den Aarbechte vum Antoni Gaudí, gesat.
Koordinaten: Шаблон:Coor dms1