D'Schlass Miersch ass e Schlass zu Miersch a gëtt zum Dall vun de Siwe Schlässer gezielt. Seng Geschicht geet an d'13. Joerhonnert zréck. Haut si Verwaltungsservicer vun der Gemeng Miersch dran ënnerbruecht.
D'Buerg vu Miersch gouf am 13. Joerhonnert vum Theodoric gebaut, engem Ritter am Déngscht vun der Greefin Ermesinde vu Lëtzebuerg. Am 15. Joerhonnert hunn d'Burgunder se ageholl an néiergebrannt. 1574 huet de Paul von der Veltz se an e Schlass am Renaissance-Stil ëmbaue gelooss. De Buergdfrid hat breet Fënsteren, a ronderëm d'Propriéitéit war eng Mauer mat siwen Tierm. Um Rez-de-Chaussée an um éischte Stack goufe gewëlleft Plafongen agebaut. De Rittersall um 2. Stack hat eng beandrockend Schminni. D'Mauere ware mat de Wope vu 16 Adlegen dekoréiert. 1603 gouf d'Schlass vun den Hollänner zerstéiert. 1635, während dem Drëssegjärege Krich, gouf net méi vill vum Duerf a vum Schlass ganz gelooss. Ëm 1700 gouf en neien Ulaf mam Erëm-Opbau geholl; de Johann-Friedrich von Elter huet d'Paart nees opbauen an do säi Wopen ubrénge gelooss. 1717 gouf d'Kapell vum von Elter nees opriichte gelooss. Um Altor ass de Wope vu senger Ierwin, der Charlotte von Elter, ze gesinn.
1898 huet d'Famill Sonnenberg-Reinach un de Geschäftsmann Schwartz-Hallinger verkaf. 1930 huet den deemolege Proprietär, den M. Uhres, et restauréiere gelooss. 1938 gouf an engem neie Gebai nieft dem Schlass eng Jugendherberg amenagéiert. 1957 huet d'Gemeng Miersch d'Schlass opkaf fir et 1960 dem Lëtzebuerger Staat ze verkafen. 1988 gouf et nees un d'Gemeng zréckgetosch, iwwerdeems dës dem Staat d'Servais-Haus iwwerlooss huet. Nodeem d'Schlass grëndlech renovéiert gouf, sinn haut administrativ Servicer vun der Gemeng Miersch dran ënnerbruecht.