Schlass Schëndels

D'Schlass vu Schëndels ass e Schlass bei Schëndels, am Mamerdall, tëscht Koplescht a Miersch.

Geschicht

D'Schlass soll 1292 vun engem gewësse Friedrich vu Schonevels gebaut gi sinn. Duerch Bestietnes huet et méi spéit den Häre vun Aansebuerg, respektiv vu Suessem gehéiert. Am 16. Joerhonnert gouf den Henri Schloeder vu Lachen Proprietär an domat Här vu Schëndels a Busbach. Säi Wopen ass bis haut iwwer der Dir erhalen.

1683 hu franséisch Truppe vum Louis IV d'Befestegunge vum Schlass zerstéiert, a 1690 gouf d'Schlass an d'Duerf vun Schëndels no engem Sträit tëscht dem Theodor von Neunheuser an dem Här vu Branenbuerg ofgebrannt. 1759 gouf de Pierre-François de Gaillot de Genouillac Här vu Schëndels, nodeem e sech mat der Marie-Catherine de Neunheuser bestuet hat. 1813 huet säi Jong, de François-Romain de Gaillot, dem Jean-Baptiste Thorn d'Schlass verkaaft, deen 1831-1839 Gouverneur vun der Provënz Lëtzebuerg war. 1840 huet de belsche Senateur Jacques Engler et kaaft an et sengem Eedem, dem Baron Auguste Goethals iwwerdroen, deen e Wunnhaus nieft dem Buergfrid baue gelooss huet.

Am Zweete Weltkrich war d'Schlass vun däitschen Truppe besat déi Ännerungen dra gemaach hu fir doran e Kannerheem anzeriichten. Um Enn vum Zweete Weltkrich war et vun amerikaneschen Zaldote bewunnt, déi do e sougenannte "water point" ageriicht hate fir d'Waasser aus der Mamer fir Drénkzwecker opzebereeden.

1948 huet den Industriellen Camillle Weiss de Besëtz kaaft, an en 1971 dem Lëtzebuerger Staat verkaaft D'Haus aus den 1840er Jore gouf 1976 ofgerappt.

D'Schlass haut

Wann d'Restauratiounsaarbechten um Buergfrid bis fäerdeg sinn, sollen do e Besuchszentrum fir d'Naturschutzgebitt Mamerdall dran amenagéiert ginn. Den Haff niewendru gouf ofgerappt, an en neit Gebai, dat an d'Plaz kënnt, kommen en Therapiezentrum vun der asbl Stëmm vun der Strooss a Büroe vun der Natur- a Bëschverwaltung.

Kuckt och

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
  • Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Miersch
An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
Et sinn nach keng Tipps an Hiweiser fir Schlass Schëndels. Vläicht sidd Dir deen éischte fir nëtzlech Informatioune fir Matbierger Rees ze posten? :)
5.0/10
537 Leit ware scho hei
Kaart
1 Rue du Village, 7473 Schoenfels, Lëtzebuerg Kritt Uweisungen
Sun 24 Hours
Mon 6:00 AM–7:00 AM
Tue 6:00 AM–7:00 AM
Wed 6:00 AM–7:00 AM
Thu 6:00 AM–7:00 AM
Fri 6:00 AM–7:00 AM

Schoenfels op Foursquare

Schlass Schëndels op Facebook

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
Hostellerie Val Fleuri

fänken $101

Doubletree by Hilton Luxembourg Hotel

fänken $304

Alvisse Parc

fänken $0

Parc Hotel Alvisse

fänken $301

Hotel Olivier

fänken $173

Best Western Euro Hotel Gonderange

fänken $109

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Buerg Huelmes

Hollenfels Castle (French: Château de Hollenfels), with a history

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schlass Miersch

D'Schlass Miersch ass e Schlass zu Miersch a gëtt zum Dall vun de

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Buerg Aansebuerg

D'Buerg Aansebuerg (heiansdo 'Al Buerg' genannt, fir se vum Schlass

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Waasserbuerg Pëtten

Pettingen Castle (French: Château de Pettange) is located in the

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schlass Heeschdref

Heisdorf Castle (French: Château de Heisdorf) located in the village

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Walfer Schlass

Walferdange Castle (French: Château de Walferdange), located in the

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schlass Fëschbech

D'Schlass Fëschbech ass e Schlass an der Gemeng Fëschbech.

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Meesebuerg

Meysembourg Castle (French: Château de Meysembourg) is located some 2

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Schlass Neuschwanstein

D'Schlass Neuschwanstein ass e Schlass bei Hohenschwangau, a Bayern.

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Tower of London

Her Majesty’s Royal Palace and Fortress the Tower of London ass e b

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Château de Gruyères

The Castle of Gruyères (in french: château de Gruyères), located in th

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Castel Sant'Angelo

The Mausoleum of Hadrian, usually known as the Castel Sant'Angelo, is

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Castello Scaligero (Sirmione)

Замок Скалігерів (італ. Castello Scaligero) —

Kuckt all ähnlech Plazen