Schlass vu Versailles

D'Schlass vu Versailles, zu Versailles, am Departement Yvelines a Frankräich ass eng al kinneklech Residenz.

Versailles ënnert dem Louis XIII.

Knapp 20 Kilometer vu Paräis ewech léisst sech de franséische Kinnek Louis XIII. an de Joren 1623-1624 op engem Hiwwel zu Versailles, wat knapps méi wéi e klengt Duerf ass, e Juegd-Schlass bauen. Architekt ass den Nicolas Huau.

Vun 1631-1634 gëtt dëse klenge Pavillon de chasse vum Architekt Philibert Le Roy ausgebaut, an de Kinnek léisst sech vum Jacques de Menours e Gaart uleeën.

Am Géigesaz zu deem, wat Versailles wäert ginn, huet sech de Louis XIII. heihinner zeréckgezunn, an huet weder Haff nach Famill a sengem klenge Juegdschlass akzeptéiert. Hie plangt, sech heihinner zeréckzezéien, mee dozou kënnt et net méi well de Louis XIII. 1643 stierwt a säi Jong sech em Versailles këmmere wäert.

Versailles ënnert dem Louis XIV.

Dem Louis XIV. säi Versailles ass e Schantje vun iwwer 50 Joer, an d'Arbechte sinn nach amgaangen, wéi de Sonnekinnek den 1. September 1715 d'Welt verléisst. Dëst huet virun allem mat de Kricher vum Louis XIV. ze dinn, an där gouf et genug während senger Herrschaft. An de kuerze Friddenszäiten ass sech geflass ginn, fir hei nach e Fligel an do nach e Weier unzeleeën, eh et nees zeréck un d'Front gaangen ass.

Nom Grand divertissement (1668) beschléisst de franséische Kinnek fir d'éischte Kéier, d'Anlag ze vergréisseren an ze verschéineren. De Fridden an d'Gonscht vun der Mme de Montespan maachen de Wee fräi fir eng Phas vu groussem Fast, am Stil vun enger italienescher Summervilla (1668-1678). Den Architekt Le Vau ass mam Ëmbau beoptragt ginn. No sengem Doud (1670) iwwerhëllt den d'Orbay dës Charge, an de Charles Le Brun, éischte Moler, ass fir d'Dekoratioun zoustänneg.

De Ministär, den Haff an d'kinneklech Famill plënneren am Mee 1682 op Versailles, nodeems si vun 1666 un zu Saint-Germain-en-Laye gewunnt hunn. Dës Plënneraktioun ass virun allem dodrop zeréckzeféieren, datt et dem Louis XIV. säi Wonsch war, de Pouvoir op enger Plaz ze konzentréieren, fir datt de Kinnek ëmmer jiddfereen an alles am Aa konnt hunn.

Vum Louis XV. zur Revolutioun

Mam Doud vum Louis XIV. verschwënnt déi ganz "Mechanik" vu Versailles (Zeremoniell, Etiquette) natierlech net, a bis 1789 reproduzéieren de Louis XV. a Louis XVI. déi selwecht Geste op deselwechte Plaze wéi hire Virfaren, an zu Versailles leeft alles wéi zu Zäite vum Grand Roi weider.

De Louis XV. beend d'Wierk vu sengem Urgrousspapp am gläiche Geescht, an de salon d'Hercule, de bassin de Neptune an d'Oper ginn dekoréiert.

Mam Louis XV. fänkt awer gläichzäiteg och eng aner Phas vum Liewen am Schlass un, an zwar gëtt dat Offiziellt méi kleng geschriwwe wéi beim Louis XIV. D'kinneklech Famill zitt sech ëmmer méi dacks an hir privat Appartementer zeréck. Dëst huet als Konsequenz datt sech den Adel ëmmer méi vu Versailles zeréck zitt, well do souwisou näischt Interessantes méi geschitt. Um Virowend vun der Revolutioun huet d'Aristokratie sech wäit vum Kinnek entfernt.

Am 19. Joerhonnert: Napoléon a Louis-Philippe

D'Revolutioun raumt Versailles zwar aus, mee d'Gebai selwer bleift stoen. D'Schlass gëtt an de kommende Joren e puer mol restauréiert, als éischt vum Napoléon, du vun de Kinneken Louis XVIII. a Charles X.. Mee keen traut sech, nacheemol zeréck op Versailles ze plënneren. Sech do z'installéieren wir eng kloer Provokatioun déi an den Ae vun de Fransousen als Réckgank an den Ancien Régime kéint ugesi ginn. Wat soll also mat Versailles geschéien?

Pläng fir d'Schlass ganz ofzerappe leie schonn um Dësch, mee de Kinnek Louis-Philippe kann dat verhënneren. De Kinnek vun de Fransousen, an engem Geescht vun nationaler Reconciliatioun, transforméiert d'Ex-Kinneksresidenz an e Musée dédié à toutes les gloires de la France. D'Galeries historiques, déi 1837 opgemaach goufen, erzielen op monumental Aart a Weis d'Geschicht vu Frankräich, vu sengen Ufäng bis an d'Géigewaart.

Eng kleng Chronologie vum Schlass vu Versailles

  • 1624: De Louis XIII. léisst sech um Hiwwel vu Versailles e Pavillon de chasse bauen.
  • 1631: De Louis XIII. beoptragt den Architekt Philibert Le Roy fir him e Schlass amplaz vum Pavillon ze bauen.
  • 1643: De Louis XIII. ass fir d'leschte Kéier zu Versailles.
  • 1660: De Louis XIV. bestued d'Marie-Thérèse vun Éisträich a bréngt seng Fra de 25. Oktober op Versailles.
  • 1664: Fête des Plaisirs de l'Île enchantée zu Versailles.
  • 1668: Grand divertissement vu Versailles.
  • 1682: De Louis XIV. dekretéiert datt Versailles déi offiziell Residenz vum Haff ass, an de Sëtz vum Gouvernement.
  • 1684: D'Galerie des Glaces gëtt fäerdeggestallt.
  • 5. Juni 1710: D'Kapell gëtt ageweit.
  • 1. September 1715: De Louis XIV. stierft zu Versailles. Den 9. September verléisst säi Nofolger, de Louis XV. Versailles fir Vincennes.
  • 1722: De Louis XV. plënnert nees op Versailles zeréck.
  • 1736: Ouverture vum Salon d'Hercule.
  • 1768: De Petit Trianon gëtt fäerdeggestallt.
  • 10. Mee 1774: De Louis XV. stierwt zu Versailles.
  • 1777: Besuch vum Joseph II. vun Éisträich, Keeser a Brudder vun der Kinnigin.
  • 1783: D'Traitéë vu Versailles ginn ënnerschriwwen, déi d'amerikanesch Onofhängegkeet konsakréieren.
  • 1783-1786: Den Hameau de la Reine gëtt gebaut.
  • 5. Mee 1789: États généraux.
  • 6. Oktober 1789: De Kinnek a seng Famill verloosse Versailles definitiv.
  • 1837: De Kinnek Louis-Philippe mecht e Musée dédié à toutes les gloires de France op.

Literatur zum Thema

  • Claire Constans, Versailles, château de la France et orgeuil des rois, Gallimard, Paräis, 1989.
  • Pierre Lemoine, Le château de Versailles, Albin Michel, Paräis, 1988.
  • Alfred Marie, Versailles au temps de Louis XIV, Imprimerie nationale, Paräis, 1968-1984.
  • Pierre Verlet, Le château de Versailles, Fayard, Paräis, 1985.
  • François Bluche, Dictionnaire du Grand Siècle, Fayard, Paräis, 1990.
  • Lucien Bély, Dictionnaire de l'Ancien Régime, PUF, Paräis, 2003.

Links

Intern

  • Louis XIV.

Extern

An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
Varun Shetty
19 June 2014
Get married here! Buy a normal admission ticket and head out to the gardens behind the Grand Trianon. Totally secluded and beautiful. Pack some wine, cheese, and speakers for your reception!
Social News Network
19 April 2013
Though its a far walk from the main palace, be sure to visit Marie Antoinette's Hamlet in her personal grounds. The small cottage town she had built to "play commoner" looks like a Disney movie scene.
Varun Shetty
19 June 2014
Play a fun game called "How many NYC apartments could fit in this palace?" This painting is larger than the first apt my wife and I lived in together.
Peter Scordo
27 December 2018
Pro-tip: Buy a ticket for a guided tour (ie King’s apartments, entrance E) and pop into the palace after. Will avoid the long line (entrance A), and they will print your tickets for you.
RAKAN
10 August 2023
One of the best palace in the world you should visit ???? make sure to book your ticket online to avoid long wait queue ✨
Jessie Lee
12 October 2015
It's a must visit master piece ! Specially the gardens and the fountains. Fountain shows are on Saturdays and Sunday's only till end of Oct. The line is forever long, worth to book a tour to skip line
Luet méi Kommentaren
foursquare.com

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
l'Hotel le Louis Versailles Chateau MGallery by Sofitel

fänken $291

Hotel Le Versailles

fänken $298

Mercure Versailles Chateau Hotel

fänken $156

Hotel des Roys Versailles

fänken $98

ibis Versailles Chateau

fänken $92

Hotel de France

fänken $116

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Bassin de Neptune

The Neptune Fountain or the Fountain of Neptune (Fr: Bassin de

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Gardens of Versailles

The gardens of Versailles occupy part of what was once the Domaine

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Parc de Versalles

凡尔赛花园(法语:Jardins du château de Versailles)曾经是凡尔赛皇

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Petit Trianon

The Petit Trianon is a small château located on the grounds of the

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Grand Trianon

The Grand Trianon was built in the northwestern part of the Domain of

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Gran Canal de Versalles

Het Grand Canal is het grootste kanaal in de Franse tuin van het

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Hameau de la reine

The Hameau de la Reine ('The Queen's hamlet') is the rustic retreat

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Arboretum de Chèvreloup

The Arboretum de Chèvreloup (195 hectares) is a major arboretum

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Alhambra

The Alhambra (from Arabic الْحَمْرَاء = Al-Ħamrā', literally 't

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Palace of Fontainebleau

The Palace of Fontainebleau, located 34.5 miles from the centre of

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Real Sitio de San Lorenzo de El Escorial

San Lorenzo el Real de El Escorial ass dat gréisste Renaissance-Gebai

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Royal Pavilion

The Royal Pavilion is a former royal residence located in Brighton,

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Palace of Westminster

The Palace of Westminster, also known as the Houses of Parliament or

Kuckt all ähnlech Plazen