Den Torre Agbar, Agbar-Tuerm, zu Barcelona ass en Héichhaus mat 32 Stäck, dat aus Bëtong gebaut ass, mat enger Glas-Aluminium-Fassad.
D'Gebai huet eng Notzfläch vun 39.000 m² an ass mat enger Héicht vun 142 m eent vun den héchste Gebaier a Spuenien.
Den Architekt ass de Fransous Jean Nouvel. De 16. September 2005 gouf den Tuerm offiziell vum Kinnek Juan Carlos ageweit.