Troja

Troia oder Troja (gr.: Τροία, Τροίη; lat.: Troia, Ilium; tierk.: Truva, an den Altertumswëssenschafte gëtt de lat. Numm benotzt1) war eng antik Stad an der Landschaft Troas am Nordweste vun der haiteger Tierkei um Hellespont an der Provënz Çanakkale.

Hisarlık ass den tierkeschen Numm vun engem 15 Meter héijen Hiwwel. D'Stad, déi un den Dardanellen louch, huet den Zougank zum Schwaarze Mier kontrolléiert. D'Schëffer konnten deemols nach net géint de Wand kräizen, also hu si am Hafe vun der Festung op de gënschtege Wand gewaart. Hire Weezoll, d'Lotsen- a Schutzsteieren hunn der Stad Räichtum bruecht. Grouss Berühmtheet krut Troja an der Antikitéit duerch d'Dichtung Ilias vum Homer, deen hei de legendären Trojanesche Krich beschriwwen huet. Nach an der Spéitantikitéit gouf d'Plaz mat hire legendären Helden am Réimesche Räich héich veréiert. Mam Ufank vum Mëttelalter gouf Troja a seng Lag vergiess.

Opgrond vun de Resultater vun den Ausgruewunge vun de leschte Joren, ass bei de Fachleit haut onbestridden, datt Troja d'Bühn fir den Trojanesche Krich war, dee vum Homer beschriwwe gouf. Beim Homer heescht d'Plaz virun allem Ilion oder Ilios (gr.: Ἴλιον, Ἴλιος).

Troja an de Legenden

Der Legend no war den Dardanos de Grënner vun der Dynastie vun de Kinneke vun Troja. Hien ass virun der Sintflut geflücht, an huet a Phrygien beim Kinnek Teukros Asyl kritt. Nom Doud vum Teukros war hien den eenzegen Ierwen, andeems hie sech mat der Bateia, der Duechter vum Teukros, bestuet huet. Verschidden alen Traditiounen no koum den Dardanos aus dem ale Stamm vun den Dardanier um Balkan (am aktuelle Kosovo). Den Numm Dardanier gouf op allefall genotzt, fir d'Trojaner selwer ze beschreiwen.

Den Tros, en Enkel oder Urenkel vum Dardanos, war den eponymen Heros vun Troas a vun Troja. D'Stad selwer gouf vu sengem Jong, dem Ilos (och "Ilion") gegrënnt.

De Laomedon, de Jong vum Ilos, ass no him op den Troun komm. De Poseidon an den Apollo, déi vum Zeus gestrooft goufen, hu fir dëse grausame Kinnek d'Mauere vun Troja gebaut, mee goufe vum Kinnek net bezuelt, wéi hien et versprach hat. De Laomedon huet esouguer gesot, hie géif hinnen d'Oueren erofschneiden. D'Gëtter hu sech gerächt. Den Apollo huet eng Peschtepidemie op Troja lassgelooss, an de Poseidon huet engem Monster aus dem Mier den Uerder ginn, d'Awunner ze friessen, an d'Felder duerch Mierwaasser ze zerstéieren.

D'Orakel vum Zeus-Amun huet dem Laomedon geroden, seng Duechter Hesione ze afferen, a si um Ufer ze loossen, fir datt d'Monster aus dem Mier si friesse kéint.

Den Herakles géint Troja

Esou huet den Herakles, deen zesumme mam Iason op der Sich nom Gëllene Vlies a Kolchis gereest war, d'Hesione um Ufer vun Troja fonnt, komplett plakeg an nëmme mat hire Bijouxë bekleed. Den Herakles huet d'Kette gesprengt, an ugebueden, d'Monster ëmzebréngen, wann hien déi zwee onstierflech Päerd géif kréien, déi den Zeus dem Laomedon fir d'Entféierung vum Ganymed geschenkt hat.

D'Trojaner hunn doropshinn eng héich Mauer e bëssen ewech vun der Küst gebaut. Wéi d'Monster un der Mauer ukomm ass, huet et seng grouss Schnëss opgerappt, an den Herakles ass an den Hals vum Monster gesprongen. No dräi Deeg koum hien als Gewënner aus dem Bauch vum Monster eraus, mee hat all seng Hoer verluer. De Laomedon soll den Herakles doropshin ugeschass hunn, an him amplaz vun den onstierfleche Päerd zwee ganz normal Päerd ginn hunn. Den Herakles huet sech voller Roserei op sengem Schëff dervugemaach, an huet Troja de Krich versprach.

Den Herakles huet zu Tiryns Zaldote rekrutéiert, a Schëffer prett gemaach ; zu sengem Alliéierten hunn de Iolaos, den Telamon, de Peleus, den Oekles vun Argos an den Deimachos vu Böotien gezielt.

Den Herakles ass virun Troja gelant, an huet d'Schëffer dem Oekles iwwerloss. De Laomedon huet d'Vollek op d'Schëffer geschéckt, fir dëi ze verbrennen, mee den Oekles huet bis zu sengem leschten Otemzuch duerchgehalen, an de Schëffer erlaabt, nees op d'Mier erauszefueren. Dem Telamon ass et gelongen, e Lach an d'Mauer ze schloen, an an d'Stad eranzekommen. Den Herakles huet de Laomedon, an all seng Jongen, bis op de jonke Podarkes ëmbruecht. D'Hesione gouf dem Telamon geschenkt, an duerft e Prisonnéier vun hirer Wahl fräikafen. Si huet sech fir hire jonke Brudder Podarkes entscheed. Dee gouf vun elo u Priamos genannt, wat esou vill heescht wéi "zréckkaaft".

Nodeems hien d'Stad néiergebrannt hat, ass den Herakles nees fortgezunn, an huet de Priamos um Troun gelooss.

Den trojanesche Krich

D'legendär Geschicht vum Krich tëscht de Griichen an Troja ass d'Thema vun der Ilias vum Homer, vun den Epen aus dem Trojaneschen Zyklus a vun der Aeneis vum Virgil.

Den Ursprong vum Trojanesche Krich war d'Entféierung vun der schéiner Helena, der Fra vum Menelaos, Kinnek vu Sparta, duerch de Paris. Fir d'Trojaner ze bestrofen, hu sech d'griichesch Kinneken zesummegedo, an hunn d'Stad zéng Joer laang belagert. Duerch en Trick vum Odysseus mam Trojanesche Päerd konnte si an d'Stad erakommen, an se plëmmen.

  Méi doriwwer am Artikel Trojanesche Krichan den Artikelen {{{2}}} a(n) {{{3}}}an den Artikelen {{{4}}}, {{{5}}} a(n) {{{6}}}an den Artikelen {{{7}}}, {{{8}}}, {{{9}}} a(n) {{{10}}}. 

Entdeckungs- an Ausgruewungsgeschicht

Déi éischt Troja-Fuerscher

1820 huet de schotteschen Zeitungsverleeër an Amateurgeolog Charles Maclaren en Essai iwwer Troja erausbruecht, deen hien 1824 zu enger voluminéiser Dissertatioun erweidert huet, wou hien den Hiwwel Hisarlık als Troja lokaliséiert huet. En Deel vun dësem Hiwwel war deemols am Besëtz vun der englescher Groussgrondbesëtzer- an Diplomatefamill Calvert. Wéi de Maclaren 1863 eng nach méi fundéiert Beschreiwung vum Plateau vun Troja erausbruecht huet, huet de jéngste Bouf vun der Famill, de Frank Calvert, versicht, de Rescht vum Hiwwel ze kafen. Dëst war kee Erfolleg, mee dofir konnt hien awer selwer e puer Ausgruewungen an de Joren 1863-1865 maachen. Dës Ausgruewungen hunn hien esou beandrockt, datt och hie vun der Existenz vun Troja op dëser Plaz iwwerzeegt war. Hien huet seng Hypothes awer nach net zu enger Behaaptung ausgebaut, dëst huet eréischt de Schliemann gemaach2. Dem Calvert seng Ufro un de British Museum, dës Plaz ze erfuerschen, gouf net ugeholl.

Heinrich Schliemann

Den 9. August 1868 koum den däitschen Händler an Hobby-Archeolog Heinrich Schliemann op de Plateau vun der Troas. Och hie war op der Sich nom legendären Troja, an huet fir d'éischt ënner dem Hiwwel Balli Dağ, opgrond vun enger Thes vum Jean-Baptiste LeChevalier (1791), gesicht. De Schliemann a seng fënnef Aarbechter konnten hei awer näischt fannen, an esou wollt hien nees zréckreesen. Hien huet allerdéngs säi Schëff verpasst, an huet dobäi zoufälleg de Frank Calvert kennegeléiert, deen him erlaabt huet, a sengem Haus d'Nuecht ze verbréngen. De Calvert konnt de Schliemann mat senger Iwwerzeegung begeeschteren, datt ënner dem Hiwwel vun Hisarlık d'Ruine vum legendären Troja misste sinn. De Schliemann huet, och wann ët dacks aneschters erzielt gëtt, ni bestridden, datt hien de wichtegsten Hiwäis vum Calvert kritt hat3.

1873 huet de Schliemann der Ëffentlechkeet matgedeelt, datt hien Troja zu Hisarlik fonnt hat; den Duerchbroch ass him awer duerch eng spektakulär Entdeckung am selwechte Joer gelongen4 : dee vun him selwer sougenannte Schaz vum Priamos. Hien huet a villen Hisiichten nei Saache mat sech bruecht : dem Schliemann säi Ruhm als Wëssenschaftler, d'Begeeschterung vun der wilhelminescher Keeserzäit fir Troja a fir d'Archeologie am Allgemengen, déi elo an der Ëffentlechkeet vun enger Disziplin fir Amateuren a Reesender zu enger eeschter Wëssenschaftsdisziplin erhuewe gouf. De Schaz gouf laang Zäit am Musée fir d'Antikitéit zu Berlin ënnerbruecht, an nom Zweete Weltkrich an d'UdSSR verschleeft. Allerdéngs gouf et schonns zu Liefzäite vum Schliemann - ënner anerem duerch säi Mataarbechter Wilhelm Dörpfeld – éischt Hiweiser dorop, datt de Schaz iwwer 1000 Joer méi al war, wéi de Schliemann ugeholl hat.

Schonn de Schliemann huet geschriwwen, datt den Auteur vun der Ilias eng grouss dichteresch Fräiheet ("Iwwerdreiwung") hat, an hie war sech och bewosst, datt hien net déi ganz Stad, mee nëmmen „die Pergamos [Burg] der Stadt“ [Troja] ausgegruewen huet.

Dörpfeld a Blegen

Wéi weider Ausgruewungen erginn hunn, war Troja vun der fréier Bronzezäit (ca. 3000 v. Chr.) bis an d'Spéitantikitéit bewunnt. Et goufen esouguer Spure fonnt, déi weisen, datt d'Gebitt nach méi fréi bewunnt war, an déi bis an d'5. Joerdausend v. Chr. zréckginn. Mam Chrëschtentum huet d'Bedeitung vun der Stad, déi hir trojanesch Helden aus de Legende veréiert huet, ofgeholl. Den Afall vun de Goten am Joer 276 huet d'Stad nach zimlech gutt iwwerstanen, d'Gebitt gouf awer no Äerdbiewen um Enn vum 5. Joerhonnert verlooss.

Bis haut goufe méi wéi 10 Stratigraphien (Wunnschichten/Bauschichten) entdeckt (Troja I - Troja X), déi nees an iwwer 40 Feinschichten ënnerdeelt ginn. Dobäi zielen - vereinfacht ausgedréckt - Troja I (2950–2250 v. Chr.) an II (2550–2200) zu der fréier, Troja III-V (2200–1700) zu der mëttlerer, an Troja VI-VIIa (1700–1200) zu der spéider Bronzezäit. Troja VIIb (1200–1000) gehéiert zu der fréier Eisenzäit. Troja VIII an IX datéieren an d'Zäit vum 8. Joerhonnert v. Chr. bis an d'réimesch Zäit, Troja X, e byzantinesche Bëschofssëtz geet bis an d'fréit Mëttelalter.

Troja I louch nach direkt op der Plage. D'Zitadell Troja II hat eng Fläch vun ca. 9000 m² (véier Brandkatastrophen), vun Troja IV unn huet sech d'Fläch verduebelt, Troja VI hat sech no Süden an Osten op zirka 50.000 m² vergréissert (d'"Ënnerstad" net matgerechent). Déi vum Auteur vun der Ilias beschriwwe Festung kéint mat Troja VI identesch sinn (no anerer Usiicht mat Troja VIIa), wat um Enn vum 13. an Ufank vum 12. Joerhonnert v. Chr. ënnergaangen ass. Dobäi ass net sécher, op en Äerdbiewen oder eng Eruewerung Schold um Ënnergang war.

Ob och den Trojanesche Krich en historesche Kär huet, ass nach ëmmer net wierklech kloer. D'Lag vun der Stad Troja gëtt an der Dichtung Ilias vum Homer kloer beschriwwen : d'Dardanellen ginn ernimmt, den héchste Bierg ass den Ida (Kazdagi), an et ginn zwéi Flëss ernimmt, de Skamandros (haut Karamanderes), an de Simois, déi bei Troja annenaner lafen, an duerno weider op den Hellespont fléissen. Et gëtt och vun den Inselen Tenedos (haut Bozcaada) an Imroz (Gökçeada) erzielt. Déi haiteg archeologesch Flächen ëmfaassen nëmmen d'Festung vun Troja. Mat zimlecher Sécherheet gouf et och e groussen Deel vun der Stad baussent de Befestegungen.

De Schliemann huet dat imposant Troja II aus der fréier Bronzezäit fir dat homerescht Troja gehalen. Hie war deemols der - falscher - Meenung, datt dës Stad zäitgläich mat Mykene an Tiryns war. Den Dörpfeld huet déi 6. Wunnschicht (Troja VI) fir dat homerescht Troja gehalen. D'Schicht VIh ass ëm 1300 v. Chr. awer wahrscheinlech duerch e staarkt Äerdbiewen zerstéiert ginn. Dofir ass de Carl Blegen dovunner ausgaangen, datt Troja VIIa dat homerescht Troja aus der Ilias war. Dës Thes fënnt de meeschten Zousproch. No neie Keramikënnersichungen gëtt dat wahrscheinlech gewaltsamt Enn vun Troia op ca. 1200 v. Chr. datéiert. Dat passt gutt zu de meeschten Datéierunge vum Trojanesche Krich duerch antik Auteuren. Als "Kandidat" fir d'Ilion vum Homer muss een awer och Troja VIIb1 a Betruecht zéien. Nieft dem Festhale vun den Traditioune vun Troja VI an VIIa kommen hei och nei Elementer op de Plang, zum Beispill déi sougenannten Handmade Ware5, déi op eng deelweis verännert Bevëlkerung schléisse léisst. Dat passt besser zu den Informatioune vum Homer. Och d'muechtpolitesch Verhältnisser a Klengasien, wéi den Homer se beschreift, passe gutt an dës Zäit. D'mykenesch Kultur hat am 12. an 11. Joerhonnert v. Chr. weiderbestanen. Och Handel a Séifahrt goufe weider bedriwwen. E Krich vun den Achäer géint Troja géif gutt an d'12. Joerhonnert v. Chr. passen. Dogéint hätt en Zuch géint Troja am 14. oder 13. Joerhonnert v. Chr. wuel d'Hethiter op de Plang geruff, wat an hethitesche Schrëften ze fanne wär.

Hethiter-Thes vum Latacz

Mee och an dësem Punkt bleift villes ongeklärt. D'Fro, wéi wäit een den Homer tatsächlech als Quell fir historesch Evenementer vun der spéider Bronzezäit benotze kann, an ob et dann elo zu engem trojanesche Krich komm ass, kënnen hei net wierklech behandelt ginn. Op jiddferfall hun d'Theorie vun der Gräzistik zum Hexameter, an zum Entstoe vum Epos, wéi se am Moment vum Joachim Latacz iwwerzeegend virgedroe ginn, an den neisten Ausgruewungsresultater eng Stäip fonnt.

Troja ass mat grousser Wahrscheinlechkeet identesch mat der Stad Wilusa (= (W)Ilios), déi an hethitesche Quellen ernimmt gëtt, wat duerch d'Gruewunge vum tübinger Archeolog Manfred Korfmann bestäerkt ginn ass. Esou gouf am Ausgruewungsberäich vun Troja eng ënnerierdesch Quellen-Anlag fonnt, déi an allen Eenzelheete mat der Beschreiwung vun enger Quell an der Stad Wilusa am sougenannten Alaksandu-Vertrag iwwereneestëmmt.

Fir d'klassesch Philologie ass zur Zäit de Latacz de wichtegsten Numm fir d'Historizitéit vun den homereschen Epen an och d'Verbindung mat dem Korfmannschen Troja. Weder an der hethitescher, nach an der griichesch-réimescher schrëftlecher Iwwerliwwerung loosse sech eendeiteg Beweiser fir eng Identitéit vun Hisarlık mam homereschen Troja fannen, dat selwecht gëllt fir Wilusa.

  Méi doriwwer am Artikel Wilusaan den Artikelen {{{2}}} a(n) {{{3}}}an den Artikelen {{{4}}}, {{{5}}} a(n) {{{6}}}an den Artikelen {{{7}}}, {{{8}}}, {{{9}}} a(n) {{{10}}}. 

De Korfmann an d'Entdeckung vun der Ënnerstad 1994

D'Ënnersichungen hu sech haaptsächlech op d'Akropolis vun Troja beschränkt, d'Uewerstad. Dëst huet sech 1988 mat engem internationalen Team ronderëm den Tübinger Prähistoriker Manfred Korfmann geännert. Mat der Hëllef vum Geophysiker Helmut Becker gouf 1992 duerch Geomagnetik-Miessungen eng grouss Ënnerstad ënner der Akropolis entdeckt. Zënterhir gouf bei den aktuellen Ausgruewunge vum Korfmann a sengem Team (zënter sengem Doud 2005 elo ënner der Leedung vum Ernst Pernicka) och verstärkt d'Ënnerstad erfuerscht. D'real Gréisst vun Troja ass domadder an den Zentrum vun den Diskussioune geréckelt. Dem Korfmann seng Thesen iwwer d'Bedeitung vun Troja sinn an der Fuerschung zënter 2001 op Widerstand gestouss, an hunn zu enger grousser Diskussioun bei den däitschen Altertumswëssenschaftler gefouert.

Am Kär kreest dës Troja-Debatt, den „neue Streit um Troja“ ëm déi tatsächlech Gréisst a Bedeitung vum Troja an der spéider Bronzezäit. Während de Korfmann an Troja en iwwerregionalt Handelszentrum gesinn huet, hunn aner Alhistoriker an Archeologen d'Stad nëmmen als mëttelméisseg wichteg gesinn. De Protagonist vun dëser Grupp ass dem Korfmann säin fréieren Tübinger Kolleg, den Alhistoriker Frank Kolb, deen och selwer an der Tierkei gegruewen huet. Den Haaptvirworf un de Korfmann a seng akademesch Matstreider besteet an enger Vernoléissegung vu wëssenschaftlecher Virsiicht. Zënter dem Ufank vum Troja-Sträit huet de Korfmann verschiddener vu senge Gruewungsinterpretatiounen zréckgezunn, an ass den Argumenter vun der Géigesäit e Stéck entgéint komm. Un der Gesamtinterpretatioun hält d'Team ronderëm de Korfmann a seng Nofolger allerdéngs fest. Eng eendeiteg Entscheedung konnt d'Ausernanersetzung och op engem wëssenschaftleche Symposium zu Tübingen am Fréijoer 2002 net bréngen.

  Méi doriwwer am Artikel Troja-Debattan den Artikelen {{{2}}} a(n) {{{3}}}an den Artikelen {{{4}}}, {{{5}}} a(n) {{{6}}}an den Artikelen {{{7}}}, {{{8}}}, {{{9}}} a(n) {{{10}}}.  D'Korfmann-Positioun prägt haut d'Troia-Bild vun der interesséierter Ëffentlechkeet. Den ëffentleche Sträit huet sech zënter 2004 ë bësse berouegt. Nom Doud vum Manfred Korfmann am August 2005 gouf den Tübinger Archeometallurg Ernst Pernicka mat der wëssenschaftlecher Leedung vum Troja-Projet betraut. Fir d'Fortféierung vun der Aarbecht zu Troja am Summer 2006 krut hie vun der tierkescher Antikendirektioun d'Lizenz. erdeelt. D'Ausgruewungsserie vun 18 Joer soll elo zu engem wëssenschaftlechen Ofschloss bruecht ginn. An engem beschränkten Ëmfang sollen och duerno d'Froen zu der bronzezäitlecher Stadbefestegung weider ënnersicht ginn. Ausserdem erfuerderen d'Pfleg, d'Konservéierung an d'Presentatioun vun der UNESCO-Weltkulturierfschaft Troja (1998) e groussen Opwand. Schliisslech soll nach e Musée virun den Dire vun Troja gebaut ginn.

Troja an Atlantis

De Geoarcheolog Eberhard Zangger huet a sengem Buch Atlantis - Eine Legende wird entziffert, wat 1992 erauskomm ass, d'Hypothes vertrueden, dem Platon säin Atlantis hätt archeologesch noweisbar Charakteristike mam historeschen Troja, a wär domadder dat duerch d'Griichen zerstéiert Troja gewiescht.

  Méi doriwwer am Artikel Lokaliséierungshypothesen zu Atlantisan den Artikelen {{{2}}} a(n) {{{3}}}an den Artikelen {{{4}}}, {{{5}}} a(n) {{{6}}}an den Artikelen {{{7}}}, {{{8}}}, {{{9}}} a(n) {{{10}}}. 

Nowierkung

Begrënnt duerch den Numm vun der fréierer Colonia Ulpia Traiana, hu sech bis an d'Mëttelalter och d'Nimm Troia Minor (Kleng-Troia) an Troia Francorum (fränkescht Troia) fir Xanten entwéckelt. Ëm 1100 huet d'Annolidd vun der Grënnung vu Xanten duerch d'Trojaner, déi am Trojanesche Krich verluer haten, erzielt :

  Mëttelhéichdäitsch Däitsch Iwwersetzung (Eberhard Nellmann, Reclam)
389 390 391 392 393 394 395 396 Franko gesaz mit den sînin vili verre nidir bî Rîni. dâ worhtin si duo mit vroudin eini luzzele Troii. den bach hîzin si Sante nâ demi wazzere in iri lante; den Rîn havitin si vure diz meri. dannin wuohsin sint Vreinkischiu heri. Franko ließ sich mit den Seinigen ganz in der Ferne am Rhein nieder. Dort erbauten sie damals mit Freuden ein kleines Troja. Den Bach nannten sie Sante nach dem Fluss ihrer Heimat. Den Rhein nahmen sie statt des Meeres. Dort wuchs seitdem das fränkische Volk.

Nach wéi Xanten 1444 un d'Herzogtum Kleve gefall ass, goufe schonn am selwechte Joer Mënze mat der Opschrëft „Joannes Troianorum Rex“ (Johannes, Kinnek vun den Troianer) geprägt.

Literatur zum Thema

  • Heinrich Schliemann, Troja. Ergebnisse meiner neuesten Ausgrabungen, Harenberg Kommunikation, Dortmund, 1984. (ISBN 3-88379-439-2)
  • Archäologesche Landesmusée Baden-Württemberg, Troia. Traum und Wirklichkeit, Theiss, Stuttgart, 2001. (ISBN 3-8062-1543-X)
  • Birgit Brandau, Hartmut Schickert, a Peter Jablonka, Troia. Wie es wirklich aussah, Piper, München, 2004. (ISBN 3-492-04610-X)
  • Birgit Brandau, Troia. Eine Stadt und ihr Mythos, Lübbe, Bergisch Gladbach (ISBN 3-404-64165-5)
  • Peter Frisch, Die Inschriften von Ilion, Bonn, 1975.
  • Manfred Flügge, Heinrich Schliemanns Weg nach Troja - Die Geschichte eines Mythomanen, 2001.
  • Dieter Hertel, Troia. Archäologie, Geschichte, Mythos. Beck, München, 2001. (ISBN 3-406-44766-X)
  • Homer, Ilias, Reclam, Ditzingen, 2004. (ISBN 3-15-018299-9)
  • Manfred Korfmann an Dietrich Mannsperger, Troia. Ein historischer Überblick und Rundgang, Theiss, Stuttgart, 1998. (ISBN 3-8062-1369-0)
  • Manfred O. Korfmann (Ersg.), Troia. Archäologie eines Siedlungshügels und seiner Landschaft, Verlag Philipp von Zabern, Mainz, 2006 (ISBN 3-8053-3509-1)
  • Joachim Latacz, Troia und Homer. Der Weg zur Lösung eines alten Rätsels, Koehler & Amelang, München, 2004. (ISBN 3-7338-0332-9)
  • Christoph Ulf (Ersg.), Der neue Streit um Troia. Eine Bilanz, Beck, München, 2004. (ISBN 3-406-50998-3)
  • Iman Jacob Wilkens, Where Troy Once Stood, Gopher Publishers, Groningen, 2005. (ISBN 0-7126-2463-5)
  • Eberhard Zangger, Ein neuer Kampf um Troia. Archäologie in der Krise, Knaur, München, 1994.
  • Martin Zimmermann (Ersg.), Der Traum von Troia. Geschichte und Mythos einer ewigen Stadt, Beck, München, 2006.

Um Spaweck

' – Biller, Videoen oder Audiodateien
An de folgende Kategorien opgezielt:
Post e Kommentar
Tipps & Hiweiser
Arrangéiere Vun:
Elja Daae
19 April 2014
We loved the walkway (many stairs so stroller not a great idea). There are great explanations in Turkish, English and German. Climbing The horse was a big hit with the kids!
Elja Daae
19 April 2014
New entrance and parking is almost ready, the old one is a little walk (especially with kids). The site is beautiful. Part is accessibele by stroller but the wooden walkway is not (many stairs).
MTK
1 December 2012
It may be disappointing for the first time visitor. 9 different layers of ruins dated 3000BC to 6th century AD. Mind bugling legendary city and Unesco Heritage site!
Serhan Kantarci
6 October 2014
Historical sifhtseeings including places mentioned in illiada & Homeros. In Greek myth, Legendary Achillies fought here against Trojans and died.
Suthata Suthmahatayangkun
30 December 2012
The souvenir here are over price but definitely one of a kind . Don't trust your tour guide because stuff out there are extremely hideous.
Turist Ömer
30 July 2013
Audio guide almanızı kesinlikle tavsiye ederim. Take an audio guide, not an adwise necessity!
Luet méi Kommentaren
foursquare.com

Hotellen an der Emgéigend

Kuckt all Hoteler Kuckt alles
Tusan Hotel

fänken $31

Iris Hotel

fänken $60

e2 Deniz Otel

fänken $39

Necdet Kaptan Konukevi

fänken $81

Antik Butik Otel

fänken $155

Aspava Butik Hotel

fänken $65

Recommandéiert Szenen an der Géigend

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Çanakkale Martyrs' Memorial

The Çanakkale Martyrs' Memorial (Turkish: Çanakkale Şehitleri An

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Alexandria Troas

Alexandria Troas ('Alexandria of the Troad', mod. Eski Stambul) is an

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Lone Pine (tree)

The Lone Pine was the name given to a solitary tree on the Gallipoli

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Gallipoli (Hallefinsel)

Gallipoli ( Gelibolu op tierkesch) ass eng tierkesch Hallefinsel am

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Assos

Assos (Greek: Άσσος), also known as Behramkale or for short Behr

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Samothrace temple complex

The Samothrace Temple Complex, known as the Sanctuary of the Great

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Lesbos

Lesbos (Greek: Λέσβος also transliterated Lesvos) is a Greek islan

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Castle of Mytilene

The Castle of Mytilene, also Fortress of Mytilene, is located in

Ähnlech touristesch Attraktiounen

Kuckt alles Kuckt alles
Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Longmen Grottoes

The Longmen Grottoes (ch. 龍門石窟/ 龙门石窟, lóngmén shíkū; lit. Drago

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Tel Megiddo

Megiddo (עברית. מגידו) is a hill in modern Israel near the Kibbutz o

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Beit She'arim National Park

Beit She'arim (he-n. בֵּית שְׁעָרִים), also known as Beth She'arim

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Shivta

Shivta or Sobota or Subeitah or Subaytah (Hebrew: שבטה‎), is an archa

Op d'Wonschlëscht setzen
Ech war hei
Besicht
Tel Hazor

Tel Hazor (Hebrew: תל חצור‎), also Hatzor, is a tell above the site of

Kuckt all ähnlech Plazen